Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
Nuit du sport 2024
Sport

Nuit du Sport 2024

Déi 15. Editioun vun der Nuit du Sport steet virun der Dier an och mir sinn als Gemeng mat um Start!  De Samschden, 8. Juni, invitéiere mir Iech op e flotten Dag, gefëllt mat Sport a Spaass! Zesumme mat de Clibb an Associatiounen aus eiser Gemeng proposéiere mir Iech e flotte Programm mat ville Sportarten, déi dir schonn ëmmer ausprobéiere wollt. Markéiert Iech d’Nuit du Sport 2024 elo grouss am Kalenner an huelt deel un eisem richteg flotte Programm fir Grouss a Kleng! Verëffentlecht den 2024-05-17
Foto-Kraiderwanderung
Ëmwelt

Wëllkraider-Erliefnes

Entdeckt d’Diversitéit vun den Naturaromaen an der Gemeng Nidderaanwen! D’NaturTeam, mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Nidderaanwen, invitéiert op hiert Wëllkraider-Erliefnes, de Sonnden, 16. Juni 2024, vun 9h00 bis 15h00. Daucht an déi wonnerbar Welt vun der Natur an an entdeckt d’Diversitéit vun den Aromaen, déi eis heemesch Kraider ze bidden hunn. Nom Sammele vun de Planze ginn eng Rei Leckereien hiergestallt a wärend engem gudde Mëttegiesse genoss - eng kulinaresch Rees, déi net nëmmen d’Sënner usprécht, mee och Är Kiche beräichere wäert! Hei d'Detailer: Depart um Sennengerbierg beim Scoutschaletden Tour ass ronn 4 kmdenkt wgl. u passend Kleedung, Gedrénks an e klenge Snack fir ënnerweeab 8 Joer, max. 16 Persoune kënnen deelhuelend'Aktivitéit gëtt op Lëtzebuergesch ofgehalen a geleet vun enger Wëllkraiderpedagogin vun der Natur.Beweegung.Entwécklung s.à r.l.-s. Umelle kënnt Dir Iech bis den 1. Juni 2024 per E-mail via christiane.bour@niederanven.lu.  Verëffentlecht den 2024-05-17