Gemengeliewen

Route barrée sur la N1 et le CR187

Verëffentlecht den 21 August 2024
Foto-Chantier

Opgrond vu Stroossenaarbechten sinn d'N1 tëschent Rued-Sir an Nidderaanwen, sou wéi d'Opfaart op den CR 187 tëschent Mënster a Rued-Sir fir den Trafic op follgenden Deeg gespaart:

  • de Samschden, 31. August 2024
  • de Sonnden, 8. September 2024

Follgend Mesurë gi wärend der Zäit vun den Aarbechte gegraff:

Buslinn 291
Déi betraffe Coursë vu de Busser gi vu Rued-Sir iwwert den CR 134 - riets Rue Strachen bis op den Terminus Z.I. Rothoicht - an ëmgedréint ëmgeleet.

Buslinn 311

Déi betraffe Coursë vun de Busser vum Kierchbierg ginn iwwert d'Autobunn A1 - Ausfaart Potaschbierg - N1 a Richtung Gréiwemaacher - op der normaler Route weidergeféiert an och ëmgedréint.
• Net ugefuer ginn d'Uertschafte Sennengerbierg, Senneng, Nidderaanwen, Rued-Sir, Banzelt a Bierg, sou wéi den Arrêt Grevenmacher-Potaschbierg Z.I. 

Buslinn 322
All d'Coursë vun de Busser si gestrach.

Dokumenter fir Erofzelueden