BabyPLUS
BabyPLUS-1
BabyPLUS-Logo

Als Gemeng wëlle mir eng Plaz sinn, an där sech Famillje wuelfillen a fréi Ënnerstëtzung erhale kënnen, fir dass de Start an d'Familljeliewen och geléngt. Dofir freeë mir eis immens, dass mir säit dem 1. Juli 2024 eng Kollaboratioun mat der Initiativ Liewensufank hunn, déi de Service BabyPLUS ubitt.

De Service BabyPLUS ass eng wichteg Informatiouns- a Berodungsméiglechkeet fir Elteren ab der Schwangerschaft a fir frësch gebaken Elteren am éischte Liewensjoer vum Bëbee.

  • Wat ass BabyPLUS? Gratis Informatiounen, Berodungen a Begleedung ab der Schwangerschaft an am 1. Liewensjoer vum Bëbee
  • Fir wen? Fir all Familljen, déi an der Gemeng Nidderaanwen wunnen an déi e Puppelchen erwaarden oder kritt hunn
  • Wou? Bei Iech doheem oder an engem Berodungsraum vun der Gemengeverwaltung vun Nidderaanwen
  • Wie kënnt? D'méisproocheg Ekipp besteet aus kompetenten an empathesche Mataarbechterinne vun der Initiativ Liewensufank

Falls Dir vun dëser gratis Offer profitéiere wëllt, kënnt Dir gäre mat eisem Service Kontakt ophuelen. Dir kënnt bis zum 12. Mount vun Ärem Bëbee bis 8 gratis Rendez-vouser an Usproch huelen, mat enger Beroderin vun der Initiativ Liewensufank. Si kënnt bei Iech Heem oder an e Raum vun der Gemeng an huet en oppent Ouer fir Är Froen an Onsécherheeten.

D'Offere vum Service BabyPLUS sinn onverbindlech, Eltere kënne fräiwëlleg heivu gebrauch maachen.

BabyPLUS-2

Fir weider Informatiounen oder fir e Rendez-vous auszemaache kënnt Dir:

  • e Message um Repondeur vun der BabyPLUS Ekipp hannerloossen
  • e Mail u si schreiwen
  • Iech iwwert den online Formulaire aschreiwen

Kontakt:
T.: 36 05 97 30
E.: babyplus@liewensufank.lu