Flex-Carsharing
Foto-Flex-Header

Praktesch wann en Auto gebraucht gëtt

De FLEX-Carsharing vun CFL Mobility ass an der Gemeng Nidderaanwen mat insgesamt 2 Autoen, an op 2 verschiddene Statiounen, disponibel. Eng all-inclusive Offer, déi net nëmmen dat ganzt Joer iwwer 24/7 disponibel ass, mee duerch hiert Prinzip vum Deelen och eng effizient an nohalteg Mobilitéitsléisung ass. Ob fir Akafen ze goen, een am Viraus geplangten Ausfluch oder fir d’Frënn oder d’Famill op de Flughafe sichenzefuere wann een (weideren) Auto gebraucht gëtt.

flexcar-collage-accordeon

Wat kascht de Carsharing?

D’Fuerkäschte variéiere jee no Abo. An de Präisser si schonn all d’Käschten (Bensinn, Versécherung, Revisioun, Entretien a Service) mat dran. D’Offer geet onverbindlech mat deem bëllegsten Abo, dem ,,Basic''-Abo vun 0€ am Mount lass. Als Bonus kritt am Moment all neie Client zousätzlech 10€ fir ze Fuere geschenkt, fir de FLEX och direkt kënnen auszeprobéieren!

Déi 2 Statiounen zu Nidderaanwen befanne sech:

  • am Zentrum (rue Laach)
  • um Sennengerbierg, Charly’s Statioun (rue du Golf)

Wéi kënnt Dir de Flex-Carsharing notzen? Ganz einfach:

Registréiert Iech mat Ärem valabele Permis an Ärer Kreditkaart direkt iwwert d’FLEX-Carsharing Smartphone-App (Downloadlink: Android | Apple iOS) oder iwwer www.flex.lu. Sou bal de Führerschäi validéiert ass, reservéiert Iech dee gewënschten Auto an Ärer Ëmgéigend oder vun deene méi ewéi 60 weidere Statiounen zu Lëtzebuerg. Dir kënnt den Auto iwwerall zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun fueren. De Retour vum Auto ass ëmmer op där Statioun, vu wou Dir och gestart sidd.

Um Site vu FLEX fannt Dir weider nëtzlech Infrmatiounen iwwert de Carsharing Service, d’Tariffer, sou wéi d’Offer vun den Autoen a ganz Lëtzebuerg. Bei Froen oder Hëllef kënnt Dir d’FLEX-Team via support@flex.lu oder per Telefon um (+352) 2883 3882 kontaktéieren.

Sharing is caring!