Foto-VelOh-header

Disponibel 7 Deeg an der Woch a 24 Stonnen den Dag

De Service vel'OH! erlaabt et Iech, Iech zu all Moment fräi ze beweegen, an nach méi Zäit ze spueren!

Tatsächlech sinn all Vëloe mat elektrescher Hëllef ausgestatt: wielt de Vel'OH! fir op d'Aarbecht oder  shoppen ze goen, fir an de Restaurant oder fir gemittlech duerch d'Géigend ze fueren.

velOH-collage-accordeon

Wou fënnt een e vel'OH! an eiser Gemeng:

  • Sennengerbierg, Waassertuerm
  • Hueschtert, Place Charly
  • Ueweraanwen, Rue d'Ernster
  • Nidderaanwen, Routscheed
  • Nidderaanwen, Rue Laach

D'Virdeeler vum vel'OH!:

vel’OH! ass modern
D'Ausrüstung vun den neie Vëloen huet sech besonnesch duerch eng technologesch fortgeschratte Ausrüstung geännert. E multifunktiouns Guidon erlaabt et dem Benotzer de Vëlo erauszekréien ouni duerch den Terminal mussen ze goen wann een eng kontaktlos Kaart hunn. En USB Uschloss erlaabt dem Benotzer säi Smartphone wärend senger Rees ze lueden.

vel’OH! ass einfach
Vel‘OH!, dat sinn nëmme Virdeeler: egal ob  Ënnerhalt, Qualitéitskontrollen oder Reparaturen, mir këmmeren eis ëm alles, fir Iech en ideale Service ze garantéieren! Déi nei Vëloe sinn nach méi bequem, manner schwéier, mat 3 Vitessen an engem upassbare Suedel ausgestattet.

vel’OH! ass praktesch
Iwwer 100 Vel'OH! Statiounen sinn um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg an den Nopeschgemengen disponibel a verbannen och déi verschidde Quartiere vun der Stad matteneen. Dës Statiounen sinn direkt mat der neier mobiler Vel'OH! App verbonnen déi Iech erlaabt matt engem Klick:

  • de vel'OH! vun Ärer Wiel fräizeschalten,
  • Äre Kont ze consultéieren,
  • aner Statiounen an der Ëmgéigend ze sichen,
  • d'Disponibilitéite vu Vëloen op deenen anere Statiounen ze gesinn

vel’OH! ass sécher
D'Vëloe si mat vireschten an hënneschte Luuchten ausgestatt, fir am Dag an an der Nuecht, souwéi matt vireschten an hënneschte Bremsen. De Plastik iwwer der Ketten vum Vëlo schützt Är Kleeder. Fir d'Sécherheet ze garantéieren, hunn déi nei Vëloen och en Anti-Vol drop.

Fir weider Informatiounen iwwer déi verschidden Aboen an d'Locatiounsbedengunge kënnt Dir d'vel'OH!-Beroder iwwert den 27888746 kontaktéieren (méindes bis freides vun 8h00 bis 22h00, samschdes vun 9h00 bis 22h00 a sonndes an u Feierdeeg vun 9h00 bis 19h00) oder d'Internetsäit www.myveloh.lu besichen!