Gemengepakt
Header-Gemengepakt

D'Gemeng Nidderaanwen huet den Gemengepakt den 27. Mäerz 2023 ënnerschriwwen.

Mat der Ënnerschrëft vum Gemengepakt engagéieren sech engGemeng oder eng Grupp vu Gemengen, de Syvicol an d‘Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil zu enger enker Zesummenaarbecht. Dëst am Kader vun engem a partizipative Prozess vun e puer Joer, deen den Zougang zu Informatiounen, d’Participatioun vun alle Leit, déi an derGemeng wunnen oder schaffen, sou wéi de Kampf géint Rassismus an all Forme vun Diskriminatioun an de Fokus setzt.

De Gemengepakt ass an thematesch Zyklen agedeelt, déi afënnef Etappen oflafen:

  • politescht Engagement
  • Analyse vun der aktueller Situatioun
  • Biergerateliere fir konkret Moossnamen auszeschaffen
  • Ëmsetzung vun de konkrete Moossnamen
  • Evaluatioun vun der geleeschter Aarbecht
Signature-Gemengepakt

De Gemengepakt baséiert op dem Pilotprojet "Pakt vum Zesummeliewen" (2021-2023), un deem 32 Gemengen deelgeholl hunn.

D‘Ëmsetzung vum Gemengepakt gëtt enk begleet vum Ministère, sengen offizielle Partner ASTI a CEFIS a fënnef Beroder fir interkulturellt Zesummeliewen. Dës Experten deelen hir Fachwëssen a gutt Praktiken tëscht de bedeelegte Gemengen. Weider Partner, besonnesch lokal Acteuren, si gefrot, aktiv matzemaachen an d’Entwécklung an d’Ëmsetzung vum interkulturellen Zesummeliewen an hirer Gemeng ze ënnerstëtzen.


BINGEN-Michelle

Michelle Bingen

Coordinatrice culturelle & du vivre ensemble