Ethik-Charta fir kulturell Strukturen
Foto-ethikcharta-header

Am Kader vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 vum Kulturministère gouf d'„Ethik-Charta fir kulturell Strukturen'' entwéckelt, déi zënter dem 15. Juni 2022 gëllt an an enker Zesummenaarbecht mat Acteuren aus dem Kulturberäich erstallt gouf.

Zil vun der Charta ass de kulturelle Secteur am Grand-Duché ze professionaliséieren, andeems se d'Besoinen an d'Diversitéit vum Secteur berécksiichtegt. Si gëllt fir all Aktivitéite vun den affiliéierte Strukturen a baséiert op aacht fundamentale Wäerter: Kompetenz, Respekt, Remuneratioun, Integritéit, Chancëgläichheet a Geschlechtergläichheet, kulturell Diversitéit, Transparenz an Ëmweltverantwortung.