Zesummen eisen Duerfkär gestalten

Den Zentrum ,,Am Sand’’ ass fir vill vun eis fest am Alldag integréiert. Hei schaffe mir, ginn hei an d’Schoul, maachen eis Akeef oder gestalten eis Fräizäit. Et ass dowéinst ëmsou méi wichteg, den Zentrum ,,Am Sand’’ un déi aktuell, an déi an Zukunft optriedend Erausfuerderungen unzepassen.
Fir eise Gemengenzentrum ze moderniséieren an zukunftssécher ze gestalten, hu mir dowéinst 2024 eng ëmfaassend Partizipatiounsprozedur lancéiert, dëst als éischte Schrëtt fir eng nohalteg Opwäertung vum Zentrum ,,Am Sand’’. Zesumme mat Iech wëlle mir eng Visioun 2050 fir den Zentrum ,,Am Sand’’ entwéckelen. Aus dësem Grond hu mir Iech eng Villzuel u Partizipatiounsformater fir d'Revalorisatioun vum Zentrum ,,Am Sand'' proposéiert gehat.
Kuckt Iech hei drënner déi verschidde Partizipatiounsformater, déi Enn 2024 organiséiert goufen, un!
Réckbléck op déi vergaangen Aktivitéiten
14.11.2024 - Informatiounsowend iwwert d'Biergerbedeelegung

Den Donneschden, 14. November, war de Kick-off vun eisem Partizipatiounsprojet Masterplang ,,Am Sand'', wärend deem de Biergerinnen a Bierger erkläert gouf, wéi si sech um Projet bedeelege kënnen, a wéi eng Partizipatiounsformater et ginn.
D'Presentatioun vum Owend fannt Dir hei drënner!
16.11. & 23.11.2024 - Moderéiert Spazéiergäng
Wärend de moderéierte Spadséiergäng haten d'Participanten d'Méiglechkeet, eis hir Iddien, Froen oder Verbesserungsvirschléi fir den Zentrum ,,Am Sand'' matzedeelen.
26.11. & 05.12.2024 - Biergerworkshops
Wärend de Biergerworkshops haten d'Participanten d'Méiglechkeet, hir Iddien a Wënsch fir d'Gestaltung vum Zentrum ,,Am Sand'' a klengen Aarbechtsgruppen ënnert der Leedung vun engem Moderator anzebréngen.
10.12.2024 - Fokusworkshop fir Entreprisen an Institutiounen ,,Am Sand''
Den 10. Dezember 2024 huet de Schäfferot d'Vertrieder vun den Entreprisen an Institutiounen, déi hire Sëtz am Zentrum ,,Am Sand'' hunn, op en themateschen Atelier agelueden, fir mat hinnen iwwer Themen ewéi d'Gestaltung an d'Offere vum ëffentleche Raum, d'Klima an d'Ëmwelt, d'Notzungsvillfalt oder och d'Mobilitéit an d'Accessibilitéit vum Zentrum ,,Am Sand'' ze diskutéieren.