Ëffentlech Notz- an Uebstgäert

Haut zou

20230822_Action-Gielt-Band

Oppene Bongert

Gielt Band - Nidderaanwen

Als ëmweltbewosst Gemeng läit eis ënner anerem d’Verréngerung vun der Liewensmëttelverschwendung an d'Motivatioun fir de Kaf vu regionale Produiten um Häerz. Fir dës 2 Sujete mateneen ze verbannen, wëlle mir op dee Wee goen, dass mir eis Uebst aus lokale Bongerten un de Bierger bréngen.

Hutt Dir selwer ee Bongert an deem all Joer Masse vun Uebst net gebraucht ginn a soumat ewechfaulen? Wann Dir eppes dogéint maache wëllt an eng Méiglechkeet braucht fir Uebst un Är Matbierger ze verdeelen, dann huelt un der nationaler Campagne ,,Gielt Band'' deel a fëllt de Formulaire hei drënner aus!

Demande fir dem Public e Bongert zur Verfügung ze stellen

Giel Band - Iernster

Kräidergäert

Kraidergaart-1

Virun der Märei an bei der Maartplaz zu Nidderaanwen fannt Dir eis Selfservice-Kräidergäert. Déi gesate Planze sti fräi zu Ärer Verfügung. Passt wgl. op se op, schneid se mat engem Messer oder enger Schéier of an huelt just esou vill mat, wéi Dir och wierklech braucht.

Gemeinschaftsgaart

Den Terrain vum Gemeinschaftsgaart befënnt sech an engem Naturschutzgebitt a grenzt un d’Beienhaus vun der Gemeng. De Gemeinschaftsgaart gëtt vun der ASBL Aanwen’s Gaart gefouert. D’Grënnung vun der ASBL Aanwen’s Gaart am Joer 2017 berout op de Grondsätz vun der Permakultur, der biologescher Landwirtschaft, der Gesellegkeet an dem Austausch vun Erfuerungen tëschent de Memberen.

Den Terrain vun dem Gemeinschaftsgaart gëtt vun der Gemeng Nidderaanwen zur Verfügung gestallt. Des Weideren ënnerstëtzt d’Gemeng d’ASBL bei den Ariichtungen a logisteschen Aspekter.

D’Aweiung vum Aanwen’s Gaart huet de 5. Juni 2019 ënner Presenz vum Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, dem Här Romain Schneider, stattfonnt.