Naturreservat Aarnescht
LeSentierDeLAarnescht-2

Des étendues impressionnantes et une nature unique

LeSentierDeLAarnescht-1

All Joer presentéiere sech d'Orchideeën a voller Bléi op der Aarnescht, wat vill Naturfrënn a Fotografen unzitt. Mir wëllen awer drop opmierksam maachen dass et net erlaabt ass, sech ausserhalb vun den offizielle Weeër ze beweegen. Dëst am Sënn fir dëse villfältege Biotop ze schützen an ze erhalen Trockenrasen sinn ganz aarteräich Biotopen an dofir och ganz sensibel! Duerch d'Trëppelen ausserhalb vun de feste Weeër kenne soumat verschidde Planzen, wei och Insekten onwëssentlech zerstéiert ginn. Nëmmen am Respekt mat der Natur kenne mir esou Gebidder erhalen. Merci fir Äert Verständnis.

L'Amicale de l'Aarnescht

Kennt Dir schonn d'Amicale de l'Aarnescht? Si sinn déi éischt Amicale zu Lëtzebuerg, déi sech als Zil gesat huet en Naturschutzgebitt ze fërderen an ze betreien. Zu hiren Aufgaben zielen:

  • d'Studéieren a Forsche vun den Déieren a Planze vun der Aarnescht
  • d'Kollaboratioun mat ëffentlechen Ariichtungen, fir den Erhalt an den Entretien vun der Aarnescht ze garantéieren
  • d'Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet fir d'Schéinheet, de Wäert an d'Eenzegaartegkeet vun der Aarnescht

D'Amicale de l'Aarnescht organiséiert reegelméisseg Visite guidéeën duerch d'Naturschutzgebitt.
Fir méi Informatioune kënnt Dir d'Amicale via info@aarnescht.lu kontaktéieren.