Foto-HOPLR-Header (1)
hoplr-logo + text-red 1

D'Applikatioun Hoplr ass an eiser Gemeng ukomm! Dëst ass eng Noperschaftsplattform fir jiddereen, deen an der Gemeng Nidderaanwen wunnt. De Projet Hoplr gouf op Initiativ vun eiser Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen a mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Nidderaanwen op d’Bee gestallt, mam Zil Iech als Biergerin a Bierger vun der Gemeng eng zousätzlech Plattform bereetzestellen, fir op einfach Manéier mat Ären Noperen a Kontakt ze kommen.

Hoplr-banner-website-FR

Hoplr kënnt Dir benotze fir:

  • Är Noperschaft besser kennenzeléieren an nei Nopere wëllkomm ze heeschen
  • Ären Noperen ze hëllefen an Iech géigesäiteg Ënnerstëtzung unzebidden
  • Haushaltsobjeten, Aarbechtsgeschier oder aneres ënnerteneen auszeléinen
  • e gudden Installateur oder en zouverlässege Babysitter an der Noperschaft ze fannen
  • iwwer aktuell Themen an der Gemeng ze diskutéieren an um neiste Stand ze bleiwen
  • ënner Nopere beispillsweis e Vide-grenier oder en Nopeschfest ze organiséieren an unzekënnegen

Wéi kënnt Dir Iech aschreiwen? 

  1. lued Iech déi mobil App erof oder gitt op www.hoplr.com an drot Är Adress an
  2. gitt de Code vun eiser Gemeng an: AFQXG
  3. schreift Iech an der Gemeng Nidderaanwen an

Lued Iech elo d'Hoplr App erof

App Store
Google Play

Natierlech ass esou en Netzwierk nëmme sënnvoll, wa sech och genuch Noperen aschreiwen. A Stied an der Belsch an Holland, ma och a ville Lëtzebuerger Gemengen huet d’Netzwierk sech scho bewäert. D’Gemeng Nidderaanwen wäert op dëser Plattform eng passiv Roll spillen a keng offiziell Kommunikatioun dorop maachen. Sou biede mir all d’Biergerinnen a Bierger, déi sech op Hoplr umellen, zu enger solidarescher Noperschaft bäizedroen, frëndlech ze bleiwen a keng diskriminéierend oder beleidegend Bäiträg ze publizéieren.


Michelle Bingen

Coordinatrice culturelle & du vivre ensemble