E-Guichet

Haut op vun 08h00 - 11h30 & 13h00 - 16h30

Foto-Reglements-Header

Populatiounsbüro

Eng zertifizéiert Kopie ass en Duplikat identesch mam Original, mat där d'Persoun, déi d'Kopie ausstellt, zertifizéiert datt dës identesch mam Original ass. Fir eng zertifizéiert Kopie ze kréien, muss déi betraffe Persoun mam Originaldokument an de Populatiounsbüro goen.. D‘zertifizéiert Kopie ginn dann vun engem Gemengenagent gemaach, op Basis vum Originaldokument vun der Persoun.

Als Informatioun: Loi du 29 mai 2009 portant abolition de l’obligation de fournir une copie certifiée conforme d’un document original.
Dans toute procédure administrative relevant de l'Etat, des communes ou d'une personne morale de droit public, la certification conforme à l'original de la copie d'un document délivré par une autorité administrative luxembourgeoise ou d'une autorité administrative d'un autre Etat membre de l'Union européenne à produire dans cette procédure ne peut être exigée. En cas de doute sur la validité de la copie produite ou envoyée, la présentation de l'original peut être demandée, avec indication des motifs à la base de cette demande.

De Populatiounsbüro ka keng zertifizéiert Kopie vun Akte maachen, déi vun enger anerer Gemeng ausgestallt goufen. 

D’Legaliséierung vun enger Ënnerschrëft bestätegt d'Authentizitéit an d'Korrektheet vun där Ënnerschrëft ënner engem Dokument oder privaten Dokument. D'Zertifizéierung déngt als Beweis, datt d'Ënnerschrëft echt ass, a vun der betraffener Persoun gemaach gouf.

Fir seng Ënnerschrëft op offiziellen Dokumenter validéiert ze kréien, muss déi betraffe Persoun sech am Populatiounsbüro mat engem gültegen Identifikatiounsdokument virstellen an d'Dokument perséinlech virum Gemengebeamten ënnerschreiwen, deen d'Ënnerschrëft un Hand vum Identifikatiounsdokument kontrolléiert.

Déi follgend Zertifikater kënne beim Populatiounsbüro op Presentatioun vun engem gültegen Identifikatiounsdokument ugefrot ginn:

Dir kënnt de Certificat de résidence an de Certificat de résidence élargi iwwer follgende Formulaire bei der Gemeng ufroen (dës gi per E-Mail oder per Post zougeschéckt). Dës Zertifikater kënnt Dir Iech och an zertifizéierter Form op www.MyGuichet.lu roflueden.
Fir e Certificat de vie ze kréien, musst Dir perséinlech an de Populatiounsbüro kommen.

Dës Zertifikater ginn op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch ausgestallt, op Basis vun den Donnéeën am Registre National des Personnes Physiques.

De Populatiounsbüro kann eng Autorisation parentale fir Mannerjäreger erausginn, déi ouni hir Elteren oder hiren Erzéiungsberechtegten an d’Ausland reese wëllen. Den Erzéiungsberechtegte muss heifir perséinlech an de Populatiounsbüro mat engem valabelen Identifikatioundokument kommen, a muss follgend Informatioune liwweren:

  • Numm vun der erwuessener Begeleetpersoun (wann zoutreffend, Numm vun der Associatioun, Schoul, etc.)
  • Reesdestinatioun vum Kand (Uertschaft a Land)
  • Datum vum Depart a Retour vum Kand

Den Text vun der Autorisation parentale kann och am Viraus op engem einfache Stéck Pabeier geschriwwe ginn. D'Dokument gëtt ënnerschriwwen a Präsenz vun engem Gemengenagent, deen d'Ënnerschrëft vum Elterendeel oder Erzéiungsberechtegten zertifizéiert.

Aschreiwung / Déclaration d’arrivée

Jiddereen, deen innerhalb vu Lëtzebuerg plënnert, muss sech bannent 8 Deeg nom plënneren an der Gemeng an där sech deen néien Wunnsëtz befënnt, umellen. Well d’Situatioun jee no Nationalitéit, Hierkonft a Familljestand vum neien Awunner variéiert, gi mir op dëser Plaz just e puer generell Informatiounen. Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech direkt beim Populatiounsbüro mellen.

D’Aschreiwung vun engem Bierger, deen aus enger anerer Lëtzebuerger Gemeng kënnt, kann och iwwert de Site www.MyGuichet.lu gemaach ginn. Dës Démarche iwwert de MyGuichet ass aktuelle nëmmen fir Bierger méiglech, déi schonn am Grand-Duché wunnen an hire Wunnsëtz am Land änneren oder an d’Ausland plënneren.

Follgend Dokumenter si virzeweisen:

  • eng valabel Carte d’identité oder e valabele Pass
  • fir Net-Lëtzebuerger, déi aus enger anerer Lëtzebuerger Gemeng kommen: attestation d’enregistement, carte de séjour oder titre de séjour
  • eng Preuve vum Wunnsëtz (bspw. e Contrat de bail fir gelountend Appartement/Haus).
  • wann déi betraffe Persoun nach a Lëtzebuerg ugemellt war, gëtt him staark recommandéiert, d’Dokumenter zu sengem Familljestand virzeweisen (z.B. Acte de mariage, Acte de naissance vun de Kanner,...).

Opgepasst: Auslännesch Staatsbierger mussen verschidden Démarchen am Kader vun der Loi du 29 août 2008 portant sur la libre circulation des personnes et de l’immigration machenwann si zu Lëtzebuerg wunnen. Dës Démarchen hänke vun der Nationalitéit an dem Statut vun der betraffener Persoun of! Méi Informatiounen dozou fannt Dir op www.guichet.lu.

Sidd Dir nei an der Gemeng Nidderaanwen? Follgend Formulairë kënnen Iech weiderhëllefen:

Ofmellen / Déclaration de départ

Plënneren innerhalb vu Lëtzebuerg

Beim Ännere vum Wunnsëtz a Lëtzebuerg, ass all Bierger verpflicht sech am Populatiounsbüro vun hirem neie Wunnsëtz anzeschreiwen. Wann déi betraffe Persoun hir Wunnsëtzgemeng ännert, suergt d’Gemengeverwaltung vun hirem neie Wunnsëtz, datt si aus dem Gemengeregëster vun hirem fréiere Wunnsëtz erausgeholl gëtt.

Plënneren an d'Ausland

Jiddereen, deen d’Land permanent verléisst, muss sech spéitstens den Dag viru sengem Depart am Populatiounsbüro vun der Gemeng vun hirer leschter Plaz am Grand-Duché ofmellen.

De Logement an d’ Zëmmer musse follgend Ufuerderungen erfëllen:

  • D’Gesetz vum 20. Dezember 2019 iwwer d’Critèrë vu Gesondheet, Hygiène, Sécherheet a Bewunnbarkeet vun Appartementer a Raim, déi fir Wunnzwecker gelount oder zur Verfügung gestallt ginn.
  • D'Groussherzoglecht Reglement vum 20.Dezember 2019deen d’Mindestcritèrë fir Gesondheet, Hygiène, Sécherheet a Bewunntheet festleet, un deenen d’Appartementer an d’Zëmmeren, déi fir Wunnzwecker gelount oder zur Verfügung gestallt ginn, erfëlle mussen.

Laut dem Artikel 3 vum uewe genannte Gesetz ass all Proprietaire oder Bedreiwer, deen een oder méi Zëmmere verlount oder zur Verfügung stellt, verflicht, dat am Viraus beim Buergermeeschter vun der Gemeng ze deklaréieren, mat der maximaler Unzuel u Leit, déi do ënnerbruecht kënne ginn; an dëser Deklaratioun e Plang vun de Raimlechkeeten bäizeleeën.

Fir dëst méi einfach ze maachen, kënnt Dir follgende Formulaire (FR) benotzen

Keen zukünftege Locataire gëtt an d’Bevëlkerungsregëster vun der Gemeng Nidderaanwen ageschriwwen, bis déi richteg ausgefëllten an ënnerschriwwe Deklaratioun ofginn ass an eisen zoustännege Service d’Konformitéit mam uewe genannte Gesetz iwwerpréiwt huet.

D'Carte d’identité ass obligatoresch fir all Persoun iwwer 15 Joer mat der lëtzebuerger Nationalitéit, déi hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet. Fir Lëtzebuerger ënner 15 Joer ass d'Carte d’identité fakultativ a kann a Präsenz vun engem Erzéiungsberechtegten ugefrot ginn. Lëtzebuerger Awunner aus der Gemeng Nidderaanwen kënnen hir Demande fir eng Carte d’identité entweder am Populatiounsbüro vun der Gemeng Nidderaanwen oder am Centre des Technologies de l'Information de l'Etat (CTIE) (11, Rue Notre-Dame L-2240 Luxembourg) maachen.

Käschte fir d’Carte d’identité:

  • 14,00 € fir Erwuessener a Kanner vu 15 Joer un
  • 10,00 € fir Kanner tëscht 4 a 15 Joer
  • 5,00 € fir Kanner ënner 4 Joer

D'Käschte mussen am Viraus op de follgende Kont iwwerwise ginn:

Titulaire: TS-CE CTIE Cartes d'identités
BIC Code: CCPLLULL
IBAN: LU44 1111 7028 7715 0000
Communication: Demande de carte d'identité pour « Virnumm, Numm »

D'Taxe kann och am Viraus online iwwer Guichet.lu oder no der Demande iwwer d'Payconiq-App bezuelt ginn.

Dokumenter, déi bei der Demande virgewise musse ginn:

  • déi aktuell Carte d’identité (wa se verluer oder geklaut gouf: d’Déclaration de perte ou de vol)
  • eng Preuve de paiement

Et ass net méi néideg eng Passfoto mat ze brengen, well d’Foto gemaach gëtt, wou Dir fir d’Demande op d’Gemeng kommt. Am Prinzip ass Är Carte d’identité bannent 10 Aarbechtsdeeg, ab dem Dag vun der Demande, fäerdeg.

Beschleunegt Prozedur:

Wann Dir d’Carte d’identité iwwert d’beschleunegt Prozedur unfroe wëllt, belafe sech d’Käschten heifir op 45,00 €. Bei dëser Prozedur kann déi nei Carte d’identité 3 Aarbëschtsdeeg no der Demande beim CTIE (11, rue Notre-Dame L-2240 Luxembourg), ofgeholl ginn.

Wann Dir weider Froen hutt, kontaktéiert w.e.g.:
Christine Greis (34 11 34 - 29) oder Sébastien Habets (34 11 34 - 25)

De Pass ass e Reesdokument dat vum Staat ausgestallt gëtt fir datt säin Titulaire vun den Autoritéite vun anere Staaten identifizéiert ka ginn. Zënter der Aféierung vum biometresche Pass stellt Lëtzebuerg een Pass pro Persoun aus. Dat heescht all Kand huet säin eegene Pass.

De Pass ass nëmmen néideg fir Reesen a Länner wou dësen och gefrot gëtt, dat heescht, an de meeschte Länner ausserhalb vum Europäesche Wirtschaftsraum (EEE). Wann e Visa fir d’Entrée an e Land erfuerderlech ass, ass de Pass d’Dokument wou dësen agedroe gëtt. D'Lëtzebuerger Awunner aus der Gemeng Nidderaanwen kënnen hir Demande fir e Pass entweder beim Populatiounsbüro vun der Gemeng Nidderaanwen oder beim Bureau des Passeports, des Visas et des Légalisations (BPVL) (6, Rue de l'Ancien Athénée L-1144 Luxembourg) maachen.

D’Gëltegkeet vum biometresche Pass ass 2 Joer fir Kanner ënner 4 Joer, a 5 Joer fir Erwuessener a Kanner ab 4 Joer.

Präisser fir de biometrësche Pass:

  • 50,00 € fir Erwuessener a Kanner ab 4 Joer
  • 30,00 € fir Kanner ënner 4 Joer

D'Käschte mussen am Viraus op de follgende Kont iwwerwise ginn:
Titulaire: Bureau des Passeports, Visas et Légalisations
BIC Code: CCPLLULL IBAN: LU46 1111 1298 0014 0000
Communication: Demande de passeport biométrique pour "Virnumm, Numm"

D'Käschte kënnen och am Viraus online iwwer Guichet.lu bezuelt ginn.

Dokumenter, déi bei der Demande virgewise musse ginn:

  • den aktuelle Pass (wa se verluer oder geklaut gouf: d’Déclaration de perte ou de vol)
  • d’Preuve de paiement

D'Päss kënne perséinlech (oder vun der designéierter Persoun) no 7 Aarbechtsdeeg am Passbüro (6, rue de l'Ancien Athénée L-1144 Luxembourg) oder no 2 Woche am Populatiounsbüro vun der zoustänneger Gemeng ofgeholl ginn.
Bei der Demande muss Dir uginn, wou Dir Äre Pass sichekomme wäert.

Beschleunegt Prozedur:

An der beschleunegter Prozedur gëtt eng zousätzlech Tax fir d'Erstelle vum Pass verrechent. D'Käschte fir e Pass mat enger Validitéit vu 5 Joer sinn 150,00€, wärend e Pass mat enger Validitéit vun 2 Joer (nëmme fir Kanner bis 4 Joer) 90,00€ sinn. Am Fall vun enger beschleunegter Prozedur kann den neie Pass 3 Aarbechtsdeeg no der Demande am Passbüro ofgeholl ginn.

Wann Dir weider Froen hutt, kontaktéiert w.e.g.:
Christine Greis (34 11 34 - 29) oder Sébastien Habets (34 11 34 - 25)

Allgemeng Reegele fir Hondsbesëtzer (Loi modifiée du 9 mai 2008 relativ aux chiens)

Elektronesch Identifikatioun
All Hond muss bannent 4 Méint no senger Gebuert vum Besëtzer an der Gemeng ugemellt ginn an eng elektronesch Kennzeechnung kréien. D’Donnéeë vun den elektronesch gekennzeechenten Hënn sinn an enger informatescher Datebank gespäichert.

Bei der Umeldung musse follgend Dokumenter virleien:

  • En Zertifikat ausgestallt vun engem agreéierten Déierendokter, deen d'Identifikatioun vun der Rass oder der Gattung, d'elektronesch Kennzeechnung an eng gülteg Tollwutimpfung confirméiert.
  • Eng Attestatioun, dass e Versécherungskontrakt mat enger a Lëtzebuerg agreéierter Assurance ofgeschloss gouf, déi d’Responsabilité civile vum Hondsbesëtzer garantéiert am Fall wou d’Déier e Schued bei Drëttpersoune verursaacht

Den Hondsbesëtzer kritt vun der Gemeng en Zertifikat vu senger Umeldung a Form vun engem Recepissé.

An follgende Fäll ass de Proprietaire verpflicht eng Deklaratioun bei der Gemeng ze maachen:

  • Doud, Verloscht oder Ofgi vum Hond
  • Ännerung vum Wunnsëtz vum Hondsbesëtzer
  • Wiessel vum Hondsbesëtzer

Déi järlech Hondssteier beleeft sech op 30,00€ a gëtt am éischten Trimester vum Joer verrechent.

Hënn, déi geféierlech kéinte sinn

Laut dem geännerten Hondsgesetz vum 9. Mee 2008 gi follgend Hondsrassen als potenziell geféierlech ugesinn:

  • Hënn vun der Rass Staffordshire Bull Terrier, Mastiff, American Staffordshire Terrier an Tosa,
  • Hënn, déi duerch hir morphologesch Charakteristike vergläichbar si mat Hënn vun der Rass American Staffordshire Terrier , Typ "Pitbull";
  • Hënn, déi duerch hir morphologesch Charakteristike mat Hënn vun der Rass Mastiff vergläichbar sinn Typ "Boer-Bulls",
  • Hënn, déi duerch hir morphologesch Charakteristike vergläichbar si mat Hënn vun der Rass Tosa,
  • all aner Hënn op Entscheedung vun der Administration des services vétérinaires.

D'Registréierung vun engem potenziell geféierlechen Hond fënnt an zwee Schrëtt statt:

Déi éischt Umeldung muss bannent véier Méint no der Gebuert vum Hond duerch d'Presentatioun vun de follgenden Dokumenter gemaach ginn:

  • en Zertifikat ausgestallt vun engem lizenzéierte Vétérinaire, deen d'Rass (oder d'Aart) identifizéiert, d'elektronesch Identifikatiounsnummer vum Hond a seng aktuell Tollwut-Impfung zertifizéiert.
  • e Beweis, datt e Kontrakt mat enger agreéierter Lëtzebuerger Versécherung ofgeschloss ginn ass, deen dem Hondsbesëtzer d'Haftung fir de Schued vum Déier un Drëtte garantéiert

Spéitstens 18 Méint no der Gebuert vum Hond muss de Besëtzer eng zweet Umeldung bei der Gemeng mat follgenden Dokumenter maachen:

  • den Diplom, deen den erfollegräichen Ofschloss vum Hondstraining beweist
  • en Zertifikat vum Veterinär mam Datum vun der Kastratioun
  • den Diplom, deen dem Hondsbesëtzer den erfollegräichen Ofschloss vun de Formatioune bestätegt
  • de Recepissé vun der éischter Umeldung

État civil

Auszich an zertifizéiert Kopië vu Gebuerts-, Hochzäits- an Doudesacten kënnen am Populatiounsbüro ugefrot ginn, fir all Acte, deen an der Gemeng Nidderaanwen geschriwwe ginn ass.

Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg gebuer ass, kann och iwwer www.Guichet.lu eng authentifizéiert Kopie vu sengem Gebuertsschäin ufroen.

All Neigebuerene muss bannent 10 Deeg no der Gebuert (den Dag vun der Gebuert zielt) am Populatiounsbüro vun der Gemeng, an där d'Gebuert stattfonnt huet, deklaréiert ginn. Wann de leschten Dag vun der Frist op e Samschden, Sonnden oder Feierdag fält, gëtt d'Frist bis op den nächsten Aarbechtsdag verlängert.
Opgepasst: Wann d'Gebuert net bannent dëser Period registréiert gëtt, muss eng Geriichtsuerdnung ausgestallt ginn, fir de Acte de naissance kënnen ze maachen.

D'Gebuert vum Kand gëtt vun engem Elterendeel gemellt oder, wa keen Elterendeel do ass, vun Dokteren, Hiewammen oder aner Persounen, déi bei der Gebuert dobäi waren.

Weider Informatiounen iwwer déi verschidden administrativ Demarchen no enger Gebuert fannt Dir op guichet.lu

Zesummesetzung vum Dossier

Fir eng detailléiert Lëscht vun den Dokumenter ze kréien, déi fir eng zivil Hochzäit musse virgeluecht ginn, wennt Iech un de Populatiounsbüro vun der Gemeng. Zu Lëtzebuerg muss all Bestietnes wärend zéng Deeg publizéiert ginn. Des Publikatioun kann eréischt stattfannen, nodeems all déi néideg Dokumenter eragereecht gi sinn an den Hochzäitsdossier komplett ass. D'Bestietnes däerf net virum zéngten Dag vun der Publikation stattfannen a muss bannent 12 Méint nom Datum vun der Publikatioun stattfannen.

Datum a Plaz vun der Hochzäit

Den Datum vun enger Hochzäit gëtt vum Officier de l’Etat Civil am Accord mat den zukünftegen Ehepartner festgeluecht, wann all d’Dokumenter, déi fir d'Publikatioun vun der Hochzäit néideg sinn, agereecht gi sinn (den Dossier muss komplett sinn). Et ass also wichteg, dass déi zukünfteg Ehepartner den Datum an d'Zäit vun der Kierchlecher Hochzäit net festleeën, bis se d'Formalitéiten op der Gemeng ofgeschloss hunn.

An der Gemeng Nidderaanwen fënnt déi zivil Hochzäit normalerweis am Hochzäitssall vun der Gemeng zu Ueweraanwen statt. Zënter enger Decisioun vum Gemengerot vun 2023 ass et awer och méiglech, op Ufro, am Europapark zu Ueweraanwen oder am Centre polyvalent "A Schommesch" zu Ueweraanwen bestuet ze ginn. Fir weider Informatioune kënnt Dir gären de Populatiounsbüro kontaktéieren.

Laut der Loi modifiée du 9 juillet 2004 relative aux effets légaux de certains partenariats, mussen sech déi zwee Partner vu verschiddene oder dem selwechte Geschlecht zesumme virum Officier de l’Etat Civil vun der Gemeng vun hirem gemeinsame Wunnsëtz presentéieren an do perséinlech a gemeinsam hir Partnerschaft erklären a falls si eng Konventioun matenee gemaach hunn, den Datum vun dëser matdeelen.
Ier se eng Partnerschaft kënnen umellen, mussen déi zukünfteg Partner legal op der selwechter Adress gemellt sinn.

Fir eng detailléiert Lëscht vun den Dokumenter ze kréien, déi fir e PACS musse virgeluecht ginn, wennt Iech un de Populatiounsbüro vun der Gemeng.

Weider Informatiounen iwwer déi juristesch Auswierkungen a Steierinformatioune fannt Dir op www.guichet.lu.

Persounen, déi déi Lëtzebuerger Nationalitéit wëllen ufroen, kënnen sech op www.Guichet.lu iwwert déi verschidde Prozeduren informéieren.

Den Doud vun enger Persoun muss der Gemengeverwaltung vun der Gemeng gemellt ginn, an där d'Persoun gestuerwen ass.

D'Deklaratioun vum Doud ka gemaach ginn:

  • vum Bestattungsinstitut dat vun der Famill kontaktéiert gouf.
  • oder vun engem enke Familljemember vum Verstuerwenen oder all anerer Persoun

Bei der Deklaratioun musse follgend Dokumenter virleien :

  • de medezineschen Zertifikat deen den Doud bestätegen;
  • d’Familljebuch vum Verstuerwenen oder alternativ, all Identitéitsdokument oder anert Dokumenter vum Verstuerwenen (bspw. den Acte de naissance, den Acte de mariage etc.),;
  • e Certificat, deen d’”Mise en bière” confirméiert wann de Verstuerwenen an enger anerer Gemeng soll begruewe ginn;
  • am Fall vun enger Krematioun:
    - e Certificat, deen d’”Mise en bière” confirméiert an dass et keng Unzeechen oder Indikatioune vun engem gewaltsam Doud ginn;
    - e Certificat médical dee bestätegt, dass de Verstuerwenen keen Herzschrittmacher hat.

Beisetzung

D'Begriefnis muss tëscht der 36. an 72. Stonn nom Doud vum Verstuerwene stattfannen. Op Ufro kann dës Period iwwert déi 72. Stonn verlängert ginn, dëst wann en Zertifikat vun engem Inspektiouns Dokter virläit. Dëst gëllt och, wann de Verstuerwenen ageäschert soll ginn. Dës däerfen net virun der 24. Stonn fir d'Krematioun ofgeholl ginn, mee musse bis déi 72. Stonn ofgeholl gi sinn.

An der Gemeng Nidderaanwen gëtt et 3 Kierfechter - zu Iernster, zu Hueschtert a zu Senneng. Dës Kierfechter si fir d'Begriefnes an d’Bäisetzung vun den Äsche vu Persoune geduecht, déi:

  • um Terrain vun der Gemeng Nidderaanwen gestuerwe sinn,
  • Awunner vun der Gemeng Nidderaanwen waren zum Zäitpunkt vun Doud, awer ausserhalb vun der Gemeng gestuerwe sinn,
  • E Recht hunn an engem Graf begruewen ze ginn.

Um Kierfecht vu Senneng ass de ,,Jardin du Souvenir'', dee fir d'Verstreeë vun den Äsche virgesinn ass. 

De Buergermeeschter kann op Wonsch vum Verstuerwenen och d'Verstreeë vun den Äschen op enger Parzell um Grondstécl vun enger Privatpersoun accordéieren, respektiv eng zivil Zeremonie fir d'Gedenken un de Verstuerwenen ofhalen.

Abschidszeremonie ginn och am Krematorium vu Lëtzebuerg zu Hamm ugebueden.

Zënter der Ënnerzeechnung vun enger Konventioun mat der Gemeng Betzder vun 2018, kënnen d'Awunner vun der Gemeng Nidderaanwen och um Bëschkierfecht zu Roodt-Syre ënner de selwechte Konditioune wéi d'Awunner vun der Gemeng Betzder begruewe ginn.

Fir weider Informatioune mellt Iech w.e.g. bei der Gemeng Betzder.