Bicherkabinn
Header-Bicherkabinn

Wou steet d'Bicherkabinn?

Dir fannt se zu Nidderaanwen am Schoulkomplex ,,Am Sand'' beim Rond-Point virum Schoulhaff (rue Routscheed). D'Bicherkabinn ass geduercht fir Bicher ze tauschen oder ze léinen.

Wann een e Buch eraushëllt, dierf een et géint en anert Buch austauschen, wat een drasetzt, oder d'Buch einfach zréckbrénge wann een et gelies huet. Déi Bicher, déi een an d'Bicherkabinn setzt solle propper an an engem gudden Zoustand sinn an och esou gehale ginn.

Erlaabt sinn:

Bicherkabinn-1
  • Kanner- a Jugendbicher
  • Thriller
  • Romaner
  • Kachbicher an aner Sachbicher
  • Dictionnairen
  • Lexika
  • ...

Mir zielen op är gesond Aschätzung fir keen ustoussecht Liesmaterial an des Kabinn ze setzen.

Vill Spaass beim Liesen!