Bëschverwaltung
Foto-Centreforestier-header

D'Bëschverwaltung befënnt sech um Sennengerbierg a gehéiert zum Bezierk Osten. D'Verwaltung ass Deel vun der Administration de la Nature et des Forêts. Zu sengen Aufgabe gehéieren:

  • d'Bëschgestioun an den Entretien vun de Bëscher vun de Membergemengen
  • d'Iwwerwaachung vun den Aarbechte vu Privatleit an de Bëscher
  • d'Iwwerwaachung vum Anhale vun de gesetzleche Bestëmmunge fir den Erhalt vun der Natur- a Planzewelt, souwéi der Juegd
  • den Entretien vun de Bëschweeër, markéierte Pied sou wéi den Amenagement, d'Restauratioun an d'Gestioun vu Biotopen

LACOUR-Pit

Pit Lacour

Préposé vum Triage

Joé Bredemus


MICUCCI-Gaetano

Gaetano Micucci



Nadia Schlottert


Entdeckt d'Bëschverwaltung an eisem Video!

Brennholzbestellung

Foto-Brennholz

All Joer hutt Dir ab dem 15. Januar um 10.00 Auer d'Méiglechkeet Är Commande fir Brennholz ze maachen andeem s Dir deen dofir bereet gestallte Formulaire ausfëllt.

Hei e puer Informatiounen iwwert d'Brennholzbestellung:

  • Déi maximal verfügbar Steren u Brennholz fir eis Gemeng ginn e puer Deeg virun der Online-Schaltung vum Bestellformulaire bekannt gemaach
  • All Stot ka max. 2 Stere bestellen
  • Bei der Bestellung huet den Demandeur d'Méiglechkeet, den Datum fir d'Liwwerung vum Brennholz auszewielen
  • De Formulaire wäert just esou laang online si wei och Brennholz zur Verfügung steet. Mir recommandéieren Iech dowéinst Är Bestellung schnellstméiglech no der Online-Schaltung vum Formulaire ze maachen