Hei wunne bleiwen
Hei wunne bleiwen_Header

Wunnenge fir jonk Erwuessener a Senioren an der Gemeng Nidderaanwen

Hei-Wunne-Bleiwen-1

Fir de Besoine vun eise jonken Erwuessenen an eise Seniore gerecht ze ginn, an d’Herausfuerderunge vum Wunnengsmaart unzegoen, setzt d’Gemeng Nidderaanwen innovativ Léisungen ëm.

D’Zil ass et, de Jonken hir éischt Schrëtt um Wunnengsmaart ze erméiglechen an de Senioren e liewensgerechte Kader ze bidden, deen et hinnen erlaabt, an der Gemeng weider wunnen ze kënnen. D’Gemeng Nidderaanwen invitéiert Iech, déi disponibel Projeten, sou wéi d’Prozedur fir eng Ufro kënnen anzereechen, kennenzeléieren.

De Projet ,,Hei wunne bleiwen'' riicht sech un zwou Haaptkategorien u Beneficiairen:

  • Jonk Erwuessener (18-35 Joer): Zougang zu enger Trampolin-Wunneng, dëst als Wunngemeinschaft oder fir jonk Koppelen.
  • Senioren (65 Joer a méi): Eng ugepasste Wunneng, fir weiderhin an engem vertrauten Ëmfeld ze wunnen.

Méi Informatiounen iwwert déi verschidde Wunnengen, sou wéi iwwert d'Critèren, fir fir eng Wunneng a Fro ze kommen, fannt Dir an eiser Broschür Hei wunne bleiwen.

Hei geet et op d'Formulairë fir d'Aschreiwung op d'Waardelëscht

Wunnenge fir jonk Erwuessener (vum 15. Abrëll 2025, 9 Auer, bis de 06.06.2025)
Wunnenge fir Senioren (vum 15. Abrëll 2025, 9 Auer, bis den 31.12.2025)

Doriwwer eraus ginn et nach weider Léisunge fir Persounen, déi net ënnert dës Critèrë falen, besonnesch iwwert d’Agence Immobilière Sociale (AIS). Aktuell ginn 20 Gemengewunnengen iwwert d’AIS geréiert, an 22 weider Wunnenge befanne sech am Bau, dës nom Modell vun de bezuelbare Wunnengen déi ze verloune sinn. Weider Méiglechkeete fir bezuelbar Wunnenge ginn iwwert d‘Société Nationale des Habitations à Bon Marché (SNHBM) an de Fonds du Logement proposéiert. Weider Informatioune fannt Dir op der Internetsäit www.logement.public.lu.