Europäesch Mobilitéitswoch
Header-EuropäeschMobilitéitswoch

Zesumme mat der Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Nidderaanwen, freeë mir eis, Iech op d'Aktivitéiten a Manifestatiounen am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch anzelueden, déi dëst Joer tëschent dem 16. an dem 22. September 2024 stattfënnt.

Zesumme richtung Zil: Manner CO2 durch manner Auto-KM!

Am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch präsentéiert Iech d'Ëmweltkommissioun an den nächsten Deeg d'Alternativen zum Auto, déi Iech bei eis an der Gemeng Nidderaanwen proposéiert ginn.

Am Verglach zu aneren EU-Länner huet Lëtzebuerg eng vun deenen héchsten CO2-Emissioune pro Kapp. Jidderee kann also hëllefen, dës ze reduzéieren! Mee wéi kann een am Alldag dozou bäidroen, seng CO2-Emissiounen erofzefueren? Hei sinn e puer Beispiller:

Beispill 1):

  • Andeems ech eng Woch laang mam Bus op d'Aarbecht an d'Stad (15 km) fueren, reduzéieren ech meng CO2-Emissiounen ëm 31 kg
  • Andeems ech eng Woch laang eng Fuergemeinschaft fir de Wee op d'Aarbecht organiséieren (35 km), reduzéieren ech meng CO2-Emissiounen ëm 71 kg
  • Wann ech d'Kanner moies a mëttes de selwechten Dag mam Bus bei d'Schoul bréngen (+/- 3 km), reduzéieren ech meng CO2-Emissiounen ëm 2,6 kg
  • Wann ech mam Vëlo an e Centre commercial akafe ginn (+/- 3 km), reduzéieren ech meng CO2-Emissiounen ëm 1,3 kg

D'Reduzéierung vun den CO2-Emissiounen ass mat Hëllef vum Duerchschnëttswäert vun engem Mëttelklass Diesel- a Bensinnsauto berechent ginn.


Beispill 2):

EMW-SocialMedia-Campagne-Intro

Ganz nom Motto ,,Less car - more fun'', loosst eis d'Mobilitéitswoch notze fir den éischte Schrëtt ze machen!

Informatiounscampagne iwwert d'Mobilitéitsoffer an der Gemeng

Besicht dës Säit de Méinden, 16. September, fir méi iwwert dëst Thema gewuer ze ginn!