Dir wëllt an e private Projet mat erneierbaren Energien, mat effizienter Notzung vun den Energien oder Ressourcen investéieren? Da kënnt Dir elo dofir e eng Subventioun bei der Gemeng ufroen:
Subventioun | Zougewisene Montant |
Subventioun fir de Kaf vun effizienten elektronesche Geräter fir den Haushalt | 50 - 100€ |
Subventioun fir Enzelpersounen fir d'Mise en place vun enger Infrastruktur fir Reewaasser ze sammelen | 75% vum staatleche Subsid (max. 750€) |
Subventioun fir Privatpersounen fir d'Fërderung vun der Notzung vun individuelle Komposteren | 50% (max. 50€) |
Subventioun beim Kaf vun engem Pedelec25 (e-Bike) oder engem normale Vëlo | 50% vum staatleche Subsid |
Gemengesubventioun fir d'Installatioun vu privaten Opluetstatioune fir Elektroautoen | 50% vum staatleche Subsid (Maximum: cf. Reglement) |
Gemengesubventioun fir Anlage fir d'rationell Energieverwendung a fir d'Notzung erneierbarer Energien | 50% vum staatleche Subsid (Maximum: cf. Reglement) |
Subventioun fir d'Realisatioun vun engem Energieaudit fir kleng a mëttel Entreprisen op Gemengenterrain | 50% (max. 1.500€) |