Wat ass den Naturpakt?
Zesumme mat 57 anere Gemengen huet d’Gemeng Nidderaanwen sech am Joer 2021 per Ënnerschrëft dem Staat verflicht eng Gemengepolitik am Sënn vun Natur an Ëmwelt ze maachen. Den NaturPakt gouf den 10.11.2021 offiziell vum Schäfferot ënnerschriwwen.
Mat dëser Ënnerschrëft bestätegt d’Gemeng hier Zilsetzung an de Beräicher vum nohaltege Schutz vun den natierleche Ressourcen, virun allem am Beräich vun der Natur am urbane Milieu, am Oppenland, am Bësch an a Gewässer, souwéi déi an dem integréierten nationalen Energie- a Klimaplang vu Lëtzebuerg fir den Zäitraum 2021-2030 “PNEC”, dem nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung, an déi an der Strategie an Aktiounsplang fir d’Upassung vum Klimawandel analyséierten Ziler ze erreechen a wann méiglech ze iwwertreffen.
Am Géigenzuch ënnerstëtzt de Staat dofir d’Gemenge finanziell an technesch bei den Ëmsetzungsprozessen. Soumat erméiglecht de Naturpakt eng staatlech Fërderung vum ëmweltpolitesche Bestriewe vun der Gemeng de Verloscht vun der Biodiversitéit ze reduzéieren.
Fir den Erfolleg vun der lokaler Ëmweltstrategie ze bestätegen ass d’ Planung an d’Ëmsetzung vun dëse Moossnamen eminent wichteg.
Als éischt soll sech d’ Gemeng – Schrëtt fir Schrëtt – Ziler fir hier zukünfteg ëmweltpolitesch Handele setzen. Dës solle konform zu den nationale Virgabe sinn an zudeem sou vill wéi méiglech naturrelevant Themen ofdecken. Fir dëst ze garantéieren, orientéiert sech d’ Gemeng virun allem an deene vum Naturpakt definéierte Mesuren.
Dës gesi fir, dass am Ufank vun den Aarbechten eng “kommunal Strategie Naturschutz” opgestallt gëtt, wat quantitativ a qualitativ Ziler fir d’ëmweltpolitesch Aarbechten definéiert. Dës sollten op dem Mesurëkatalog baséieren, deen insgesamt 77 Critèren aus sechs Themefelder “allgemengen Naturschutz”, “urbane Raum”, “Opeland”, “Bësch”, “Waasser” a “Kommunikatioun a Kooperatioun” besëtzt. Unhand vun der Beaarbechtung vum Katalog ginn déi geleeschten Aarbechte vun der Gemeng iwwerpréift an an engem Audit bewäert. Och zukünfteg Moossname sollen sech op de Katalog bezéien.
D'Gemeng Nidderanwen ass säit dem éischten Audit vum 27. Januar 2023 Basis certifiéiert an huet soumat aus dem Stand 41,3 % vun der Maximalpunktzuel erreecht.
Dat aktuellt Naturteam setzt sech aus folgenden Persounen zesummen:
- 1 Member vum Gemengerot: Josselijn de Vries
- 8 intresséiert Bierger : Franco Avena, Guy Clausse, Pierre Heinen, Caroline Hoffmann, Danielly Kaufmann, Christa Karis, Tessy Klopp-Sowa, Christophe Loeillet, Michel Schaus, Rose Scharfe & Guy Uhres
- Fierschter Niederanven: Pit Lacour
- SIAS Naturpaktberoder: Xavier Petry
- 2 Gemengebeamten: Christiane Bour & Kevin Becker
2023:
Fannt hei e puer Aktivitéiten, déi an der Gemeng am Joer 2023 am Kader vum NaturPakt ëmgesat goufen:
- Ausféierung vum NaturPakt Audit (40%)
- Ekologesch Bewirtschaftung vu Gréngfläschen zusamme mat der biologescher Station vum SIAS
- Organisatioun vum Dag vum Bam
- Ariichtung vun engem Liewenstuerm bei der Schoul ,,Am Sand''
- Ausaarbechtung vun enger kommunaler Strategie fir den Ëmweltschutz
- Beschluss fir d'Neiplanzung am Siedlungsraum
- Ausaarbechtung vun engem Beschloss fir naturfrëndlech Gemengegebaier a PAP
- Fërderung vun enger naturnoer Bewirtschaftung, Notzung a Gestaltung vu Privatflächen
2022:
Am Joer 2022 huet Gemeng Nidderaanwen méi wéi 30 Aktivitéiten am Sënn vum Naturpakt gestart bzw. ëmgesat.
Zu den wichtegsten Aktivitéiten ziele beispillsweis d’ Ausschaffung vun:
- Kommunal Strategie fir den Ëmweltschutz
- Neiuplanzungen am urbane Raum
- Naturfrëndlech Gebaier an PAPen
- "Urban Gardening" an "Urban Farming”
- Förderung vun enger naturnoen Bewirtschaftung, Notzung an Gestaltung vun privaten Flächen
- Kommunikatiounskonzept.
Dës Konzepter goufen alleguer den 25.1.2023 vum Gemengerot délibéréiert.
D'Konzepter vum Ëmweltministère an Energieministère sinn:
- de PNEC „Le Plan national intégré en matière d’énergie et de climat“ mat de fir 2030 festgeluechten Ziler, ewéi:
- d'Reduzéierung vun den Zäregasen ëm -55% par Rapport zu 2005
- d'Steigerung vun den erneierbaren Energië vun 11% op 25%
- d'Steigerung vun der Energieeffizienz vu 40% bis 44%
- den nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung mam Stoppe vun der Dégradatioun vun der Ëmwelt an d’Respektéiere vun den natierlechen Ressourcen
- d'Strategie an Aktiounsplang fir d’Upassung vum Klimawandel
Mir als Gemeng setzen eis Ziler an Ofstëmmung mat dëse Virschrëften a maachen eis Bescht fir alles ze erreechen an am beschte Fall ze iwwertreffen.