D'Fonctioune vun de Gemengeconseilleren
D'Gemengeconseillere gi fir eng Zäitspann vu 6 Joer vun de Wieler aus der Gemeng gewielt. All Gemeng huet e Gemengerot, d'Legislativorgan vun der Gemeng. D'Unzuel vun de Gemengeréit riicht sech no der Zuel vun den Awunner vun der Gemeng.
De Gemengerot reegelt all d'Uleiessen, déi en Interêt fir d'Gemeng hunn; e beréit a gëtt säin Avis of, ëmmer da wa seng Berodung oder seng Stellungnam duerch d'Gesetzer oder Reglementer virgeschriwwen oder vun enger méi héijer Autoritéit verlaangt gëtt. De Gemengerot ernennt, revoquéiert an entléisst d'Beamten an Employéë vun der Gemeng.