De Geoportail
Den neien nationale Geoportail vum Grand-Duché ass e kartografesche Guichet, dee sech um grousse Public orientéiert an Iech follgend praktesch Avantagë bitt:
- e Bild wat iwwert de ganzen Ecran geet oder wou Dir d'Gréisst vun der Kaart selwer bestëmme kënnt
- méi e schnellt Lueden duerch eng nei Technologie
- eng besser Organisatioun vun de Kategorien no Themen an net no Donnéeën
- eng Strukturéierung vum Inhalt no den Normen vun der INSPIRE EU-Direktiv
- eng intuitiv Manipulatioun ännlech ewéi bei Google
- en einfacht Handhaben duerch d'Transparenz vun deene verschiddene Couchë vun Donnéeën
- verschidden Hannergrond-Couchen, déi Orthofotoe mat topographesche Kaarte kombinéieren duerch eng upassbar Transparenz
- eng schnell méiglech Recherche vu Gemengen, Uertschaften, Adressen a Parzellennummeren an engem eenzege Sichfeld
Rendez-vous op www.geoportail.lu.