Nidderaanwener Maart
07.10.24_Hierschtmaart-52

Maacht et ewéi fréier a kommt op de Maart

NidderaanwenerMaart-Affiche

Wëllt Dir Leit begéinen oder braucht grad frëscht Geméis, e klenge Kaddo, eng gutt Schlupp oder eppes fir d’Mëttegiessen? Ma Dir braucht net wäit ze lafen. All dat fannt Dir op eisem Maart. Mir wäerten Iech mat Iessen a Gedrénks verwinnen an Iech saisonal a virun Allem artisanal Iesswueren oder soss Produkter ubidden.

Wéini?
All éischte Méinde vum Mount vu 15h00 bis 19h00

03.02.2025 | 03.03.2025 | 07.04.2025 | 05.05.2025 | 02.06.2025 | 07.07.2025 | 04.08.2025 | 06.10.2025 | 03.11.2025 | 01.12.2025

Wou?
Um Parking tëschent der Caisse Rurale Raiffeisen an dem Jugendhaus, direkt un der Tréiererstrooss a mat genuch Parkméiglechkeeten.