Mobilité douce
foto-mobilitedouce-header

Sech ëmweltfrëndlech an eiser Gemeng fortbeweegen

Als Gemeng setze mir eis dofir an, dass et méiglechst vill ëmweltfrëndlech Fortbeweegungsmëttel gëtt. Hei fannt Dir e puer Strukturen, déi an der Gemeng en Place gesat goufen a fir jiddereen zougänglech sinn.

flexcar-collage-accordeon

De FLEX-Carsharing vun CFL Mobility ass an der Gemeng Nidderaanwen mat insgesamt 4 Autoen, an op 2 verschiddene Statiounen, disponibel. Eng all-inclusive Offer, déi net nëmmen dat ganzt Joer iwwer 24/7 disponibel ass, mee duerch hiert Prinzip vum Deelen och eng effizient an nohalteg Mobilitéitsléisung ass. Ob fir Akafen ze goen, een am Viraus geplangten Ausfluch oder fir d’Frënn oder d’Famill op de Flughafe sichenzefuere wann een (weideren) Auto gebraucht gëtt.

Wat kascht de Carsharing?

D’Fuerkäschte variéiere jee no Abo. An de Präisser si schonn all d’Käschten (Bensinn, Versécherung, Revisioun, Entretien a Service) mat dran. D’Offer geet onverbindlech mat deem bëllegsten Abo, dem ,,Basic''-Abo vun 0€ am Mount lass. Als Bonus kritt am Moment all neie Client zousätzlech 10€ fir ze Fuere geschenkt, fir de FLEX och direkt kënnen auszeprobéieren!

Déi 2 Statiounen zu Nidderaanwen befanne sech:

  • am Zentrum (rue Laach)
  • um Sennengerbierg, Charly’s Statioun (rue du Golf)

Wéi kënnt Dir de Flex-Carsharing notzen? Ganz einfach!

Registréiert Iech mat Ärem valabele Permis an Ärer Kreditkaart direkt iwwert d’FLEX-Carsharing Smartphone-App (Downloadlink: Android | Apple iOS) oder iwwer www.flex.lu. Sou bal de Führerschäi validéiert ass, reservéiert Iech dee gewënschten Auto an Ärer Ëmgéigend oder vun deene méi ewéi 60 weidere Statiounen zu Lëtzebuerg. Dir kënnt den Auto iwwerall zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun fueren. De Retour vum Auto ass ëmmer op där Statioun, vu wou Dir och gestart sidd.

Um Site vu FLEX fannt Dir weider nëtzlech Infrmatiounen iwwert de Carsharing Service, d’Tariffer, sou wéi d’Offer vun den Autoen a ganz Lëtzebuerg. Bei Froen oder Hëllef kënnt Dir d’FLEX-Team via support@flex.lu oder per Telefon um (+352) 2883 3882 kontaktéieren.

Sharing is caring!

velOH-collage-accordeon

De Service vel'OH! erlaabt et Iech, Iech zu all Moment fräi ze beweegen, an nach méi Zäit ze spueren!

Tatsächlech sinn all Vëloe mat elektrescher Hëllef ausgestatt: wielt de Vel'OH! fir op d'Aarbecht oder  shoppen ze goen, fir an de Restaurant oder fir gemittlech duerch d'Géigend ze fueren.


Wou fënnt een e vel'OH! an eiser Gemeng:

  • Sennengerbierg, Waassertuerm
  • Hueschtert, Place Charly
  • Ueweraanwen, Rue d'Ernster
  • Nidderaanwen, Routscheed
  • Nidderaanwen, Rue Laach


D'Virdeeler vum vel'OH!:

vel’OH! ass modern
D'Ausrüstung vun den neie Vëloen huet sech besonnesch duerch eng technologesch fortgeschratte Ausrüstung geännert. E multifunktiouns Guidon erlaabt et dem Benotzer de Vëlo erauszekréien ouni duerch den Terminal mussen ze goen wann een eng kontaktlos Kaart hunn. En USB Uschloss erlaabt dem Benotzer säi Smartphone wärend senger Rees ze lueden.

vel’OH! ass einfach
Vel‘OH!, dat sinn nëmme Virdeeler: egal ob  Ënnerhalt, Qualitéitskontrollen oder Reparaturen, mir këmmeren eis ëm alles, fir Iech en ideale Service ze garantéieren! Déi nei Vëloe sinn nach méi bequem, manner schwéier, mat 3 Vitessen an engem upassbare Suedel ausgestattet.

vel’OH! ass praktesch
Iwwer 100 Vel'OH! Statiounen sinn um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg an den Nopeschgemengen disponibel a verbannen och déi verschidde Quartiere vun der Stad matteneen. Dës Statiounen sinn direkt mat der neier mobiler Vel'OH! App verbonnen déi Iech erlaabt matt engem Klick:

  • de vel'OH! vun Ärer Wiel fräizeschalten,
  • Äre Kont ze consultéieren,
  • aner Statiounen an der Ëmgéigend ze sichen,
  • d'Disponibilitéite vu Vëloen op deenen anere Statiounen ze gesinn

vel’OH! ass sécher
D'Vëloe si mat vireschten an hënneschte Luuchten ausgestatt, fir am Dag an an der Nuecht, souwéi matt vireschten an hënneschte Bremsen. De Plastik iwwer der Ketten vum Vëlo schützt Är Kleeder. Fir d'Sécherheet ze garantéieren, hunn déi nei Vëloen och en Anti-Vol drop.

Fir weider Informatiounen iwwer déi verschidden Aboen an d'Locatiounsbedengunge kënnt Dir d'vel'OH!-Beroder iwwert den 27888746 kontaktéieren (méindes bis freides vun 8h00 bis 22h00, samschdes vun 9h00 bis 22h00 a sonndes an u Feierdeeg vun 9h00 bis 19h00) oder d'Internetsäit www.myveloh.lu besichen!

e-auto-collage-accordeon

D'Elektromobilitéit ass ee vun de Piliere fir eng ëmweltfrëndlech Zukunft. Als Gemeng ënnerstëtze mir d'Transitioun an deem mir niewent E-Biken och Luetstatioune fir elektresch Autoe subventionéieren.

Wann Dir op der Sich no Luedstatiounen an eiser Gemeng sidd, da klickt op de Link vum Geoportail iwwert d'Luedstatioune fir Elektroautoen.