facebook POST image_04

De Mëttwoch, 20. September 2023, huet de Schäfferot d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2 aus der Schoul Am Sand besicht fir hinnen - als éischt Kanner aus der Gemeng - eng Kannerkaart auszedeelen.

Et war d’Iddi vun de Kanner, fir vun hirer Gemeng eng Kannerkaart mat hire Liblingsplaze maachen ze loossen. D’Ekipp vum BiergerTeam ,,Niedz4Kidz’’ huet dës Iddi opgeholl a sech a Verbindung mat der Graphiksagence HUMAN MADE gesat, fir dëse flotte Projet an d’Liewen ze ruffen.

D’Kanner waren och bei der Realisatioun vun der Kaart mat involvéiert. Et ass eng Kaart vun de Kanner fir d’Kanner aus der Gemeng Nidderaanwen. Am Juli hu mir e Workshop mat de Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.1 (Schouljoer 2022/2023) vun der Schoul ,,Am Sand’’ organiséiert, wärend deem d’Kanner direkt zesumme mat der Agence kucke konnten, wéi een d’Kaart nach besser gestalte kann. Si hunn eis gesot, wat hir Liblingsplaze sinn a wat nach op der Kaart feelt. Dës Virschléi goufen dunn zréckbehalen an d’Kaart konnt finaliséiert ginn.

D’Kannerkaart ass net moossstabgetrei, mee de Komplex ,,Am Sand’’ mat der Schoul, der Maison Relais, der Schwemm, dem CIPA Gréngewald asw. stécht duerch seng Gréisst eraus an ass de Mëttelpunkt vun der Kaart. Do ronderëm verleeft de Rescht vun der Gemeng mat den Dierfer Nidderaanwen, Ueweraanwen, Senningerbierg, Senneng, Iernster, Hueschtert, Rammeldang, Waldhaff a Stafelter. D’Kaart ass selbsterklärend an huet dowéinst och nëmme wéineg Text an och keng Legend. Sou verstinn och déi Klengsten, wat op der Kaart duergestalt ass.

De Bedeelegten um Projet war et wichteg, eng Kannerkaart ze realiséieren, déi fir all Alter ass an duerch hiren Design och duerchaus fir déi Erwuessen uspriechend ass. De Verso vun der Kaart ass en Text a véier Sproochen, an deem de Projet vun der Kannerkaart erkläert an Niedz4Kidz virgestallt gëtt.

Déi éischt Oplag gouf 2.500 mol gedréckt. Nieft dem Cycle 4.2 kréien och déi aner Kanner aus der Schoul ,,Am Sand’’ en Exemplaire vun der Kaart. Doriwwer eraus ginn d’Kaarten an der Maison Relais an am Jugendhaus ausgedeelt. Melle sech nei Familljen op der Gemeng un, kréien och si eng Kaart mat heem. Dës Weidere wäert d’Kaart och op enger Alu-DIBOND Plack an der Schoul, an der Maison Relais, am Centre de loisirs ,,Loisi’’ an am Skaterpark opgehange ginn.

Och wann d’Kannerkaart op Pabeier gedréckt gouf, ass se net statesch. Als Gemeng war et eis wichteg, dass d’Kaart lieft. Niewent den Elementer vun der Kaart, déi d’Agence eis zur Verfügung stellt, ënner anerem fir de Social Media an den Internetsite, hunn d’Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng awer och d’Méiglechkeet hir Iddien a Virschléi per E-mail eranzeschécken, fir esou d’Kaart reegelméisseg updaten ze kënnen.

Commande vun der Kaart a Verbesserungsvirschléi via communication@niederanven.lu!

Bild-Kannerkaart