Moien, hola, bonjour!
All leschten Donneschden am Mount invitéiert d'berodend Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen vun der Gemeng Nidderaanwen ganz häerzlech op de Sproochecafé. D'Kommissioun proposéiert informell Gespréichsdëscher op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Spuenesch, Portugisesch asw. Maacht och Dir beim Sproochecafé mat an übt Är Sproochen op deene verschiddenen Dëscher oder organiséiert Ären eegene Gespréichsdësch.
Aus organisatoresche Grënn biede mir Iech, eis am Virfeld mat dësem Formulaire Bescheed ze soen, op wéi enger Sprooch Dir schwätze wëllt an ob Dir selwer e Gespréichsdësch leede wëllt.
Umeldungsformulaire fir de Sproochecafé
All Sproochenniveauen – jiddereen ass häerzlech wëllkomm!
De Sproochecafé fënnt all leschten Donneschden am Mount vun 19:00 bis 21:00 Auer (ausser wärend der Schoulvakanz) am Centre polyvalent ,,A Schommesch'' statt (18, rue d'Ernster, Ueweraanwen).