Header-Bicherbus

De Bicherbus fiert op 15 wéchentlechen Touren duerch d'ganzt Land a bedéngt iwwer 80 Uertschaften. De Bestand vum Bicherbus ëmfaasst Bicher, DVDen an Audiobicher fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener an déngt esou wuel der Fräizäitlektür, wéi och der Weiderbildung an der kultureller Beräicherung. 

D’Dokumenter aus dem Fong vum Bicherbus kënne mindestens 5 Schaffdeeg am Viraus iwwer a-z.lu reservéiert an dann um gewënschten Arrêt ofgeholl ginn. All Notzer ka bis zu 20 Bicher an aner Dokumenter ausléinen. D’Dauer vum Prêt ass 42 Deeg an 21 Deeg fir Dokumenter, déi zum Zäitpunkt vum Prêt vun engem anere Lieser reservéiert goufen.

Déi ausgeléinten Dokumenter kënnen net nëmmen am Bicherbus, mee och zu all Ament an der automatescher Maschinn baussent dem Gebai vun der Nationalbibliothéik um Kierchbierg zréckgi ginn.

Fir weider Informatiounen zu der Inscriptioun, zu de verschiddenen Touren, sou wéi zu der Reservatioun vu Bicher, besicht wgl. d'Internetsäit vum Bicherbus.

De Bicherbus bleift mëttwochs vu 14:55 bis 15:45 Auer um grousse Parking virum CIPA Gréngewald stoen. Hei sinn déi nächst Rendez-vouser fir d'Joer 2024/2025:

  • 18. September 2024
  • 9. Oktober 2024
  • 30. Oktober 2024
  • 20. November 2024
  • 11. Dezember 2024
  • 15. Januar 2025
  • 5. Februar 2025
  • 26. Februar 2025