Mérite culturel
Foto-mériteculturel-header

Hei stelle mir Iech e puer beandrockend Perséinlechkeete vir, déi fir hir besonnesch kulturell Verdéngschter vum Schäffen- a Gemengerot ausgezeechent goufen. Dës engagéiert Leit hunn duerch hir kreativ Aarbechten eis Gemeinschaft beräichert a goufe fir dës Leeschtungen an enger klenger Feier gehéiert.

Entdeckt hir Geschichten a loosst Iech inspiréieren!


De Gust Graas war e lëtzebuergesche Moler a Geschäftsmann an ass 1924 gebuer ginn. Hie war virun allem fir seng abstrakte Wierker bekannt, mat dacks kräftege Faarwen a geometresche Formen. De Graas war och de Grënner vum Lëtzebuerger Fernsehsender RTL. Seng Konschtwierker sinn international ausgestallt a geschätzt ginn. Hien ass 2020 verstuerwen an huet e grousst Konscht-Ierwen hannerlooss.

MériteCulturel-GustGraas

De 26. September 2000, hunn d’Membere vum Schäffen- a Gemengerot a vun der Kulturkommissioun, dem Här Jean Even de Merite culturel, fir seng kulturell Verdéngschter a seng aktiv Zäit um kulturelle Liewen op lokalem an nationalem Niveau, iwwerreecht. Den Här Even war Dirigent vum Chouer „St. Cécile“ zu Hueschtert, Organist vun der Eglise paroissiale zu Hueschtert a Generalsekretär vun der „Union Saint Pie X“.

A Präsenz vun de Ministeren Erna Hennicot-Schoepges an Alex Bodry gouf de Professer Léopold Reichling am Mee 1998 mam „Mérite culturel“ vun der Gemeng Nidderaanwen ausgezeechent. Dëse Präis fir besonnesch Verdéngschter am kulturelle Beräich gouf dem Professer Léopold Reichling vum deemolege Buergermeeschter vun der Gemeng Nidderaanwen, Jean Schiltz, iwwerreecht, fir säin onermiddlechen Asaz fir d’Erhalen an de Schutz vun der „Aarnescht“.

 

Foto: Wikipedia
MériteCulturel-LeopoldReichling

Den Emile Erpelding ass den 23. Juni 1917 zu Merzlich un der Musel gebuer. Als Grënnungsmember vun de „Geschichtsfrënn vun der Gemeng Nidderaanwen“ huet hie bedeitend Verdéngschter an der Lokalgeschichtsforschung. Den 30. Mee 1997 gouf hie vun der Gemeng Nidderaanwen mat dem „Mérite Culturel“ geéiert. D‘Ausstellung „Vum Kär zum Brout“ gouf him als Unerkennung gewidmet.

De Joseph Jean Schumacher ass den 9. September 1913 zu Senneng gebuer. Den Autodidakt huet sech säi Liewen der Geschicht vum Land a speziell der Lokalgeschicht vu senger Heemechtsgemeng Nidderaanwen verschriwwen. Seng Aarbecht op dem Gebitt vun der Lokalgeschicht gouf 1988 duerch d'Grënnung vun den "Nidderaanwener Geschichtsfrënn" unerkannt. 1993 huet de Lokalhistoriker de "Mérite Culturel" fir seng Verdéngschter krut.