Op dëser Säit fannt Dir verschidden Informatiounen iwwert den Enseignement an der Schoul ,,Am Sand''.
Fir weider Informatiounen, invitéiere mir Iech, d'Internetsäit vun der Schoul ,,Am Sand'' ze besichen.
Kontakt:
Service de l'enseignement
Secrétariat de l'école fondamentale « Am Sand »
c/o Mmes Michèle LENTZ & Michèle KRIER
L-6999 Oberanven
T. : 34 84 73 - 600
E. : secretariat@amsand.lu
Informatiounen iwwert de Schoulbesuch vun Äre Kanner
Eng Umeldung fir de Cycle 1 - précoce ass fakultativ. D'Elteren oder Erzéiungsberechtegten vun engem Kand wat virum 1. September vum aktuelle Joer 3 Joer huet (1. Entrée) oder vun engem Kand dat tëscht dem 1. September an den 31. Dezember dräi Joer kritt (2. Entrée) kréien en Informatiouns- an Umeldungsbréif fir dat kommend Schoul Joer vum Service de l’Enseignement am Februar.
D'Kanner vun der 2. Entrée hunn nach net d'Recht fir am September d'nächst Joer den Cycle 1.1 (Spillschoul) ze goen.
Elteren oder Erzéiungsberechtegten, déi d'Invitatioun net kritt hunn, ginn opgefuerdert de Service Enseignement ze kontaktéieren.
D’Elteren oder Erzéiungsberechtegten vun engem Kand, dat den 1. September vum aktuelle Joer 4 Joer al ass, an déi an der Gemeng Nidderaanwen wunnen, ginn am Februar schrëftlech vun der Educatioun kontaktéiert.
Elteren oder Erzéiungsberechtegten, déi d'Invitatioun net kritt hunn, ginn opgefuerdert de Service Enseignement ze kontaktéieren.
Fir Kanner, déi am Laf vum Joer an d’Gemeng Nidderaanwen kommen, sinn d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten opgefuerdert sech direkt no der Aschreiwung am Populatiounsbüro beim Service Enseignement ze mellen.
Soubal si sech beim Schoul Sekretariat ageschriwwen hunn, ginn d’Kanner an der Schoul opgeholl a kënnen direkt an hir Classe an d’Coursen vum Cycle déi fir si virgesinn ass, goen.
Am Fall wou Elteren oder Erzéiungsberechtegten, déi an der Gemeng Nidderaanwen wunnen entscheeden, hiert Kand entweder an eng Privatschoul oder an enger ëffentlecher Grondschoul an enger anerer Gemeng oder an enger Grondschoul an engem anere Land anzeschreiwen, musse si sou séier wéi méiglech de Certificat vun deeër Aschreiwung un de Service Enseignement schécken.
Wann d'Eltere sech fir den Homeschooling entscheeden, mussen sie eng Demande un d'Direction de Région 10 - Gréiwemaacher maachen.
Déi verschidden Organer am Enseignement fondamental
De Schoulkommitee ass den 22. Mee 2019 vum Léierpersonal fir eng Dauer vu 5 Joer gewielt ginn. Den Här Mike SCHMIT ass op Virschlag vun de Membere vum Schoulkommitee vum Här Minister Claude MEISCH zum President vun der Schoulkommitee ernannt ginn.
Membere vum Schoulkommitee:
- Mike SCHMIT (President)
- Mireille DI TULLO
- Claude GILBERTZ
- Mandy GREWER
- Carole KRECKÉ
- Marc SCHMIT Marc
D'Missioune vum Schoulkommitee
- Virschléi fir d'Schoulorganisation vun der Schoul ënner Berécksiichtegung vum PDS ausschaffen;
- de Schoulentwécklungsplang (PDS) ausschaffen an a senger Bewäertung matwierken;
- Virschléi iwwert d'Repartitioun vum Budget ausschaffen;
- Stellungnam zu all de Froen an Zesummenhang mat der Schoul ofginn;
- de Besoin vun de Formation-continueë vum Personal ermëttelen
- d'Gestioun vum Léiermaterial an der Informatik organiséieren;
- d'Benotze vum Léiermaterial accordéieren;
- fir e gutt Aschaffe vun de Stagiaire-enseignanten, sou wéi vun de Stagiairë vum pedagogeschen a psychosoziale Personal suergen.
Kontakt:
Mike Schmit (President)
T.: 34 84 73 - 700 (Dënschden Moien)
E.: copresi@amsand.lu
Den Direkter suergt fir dat gutt Fonctionnement vun den ëffentleche Primärschoulen an der Regioun an ass fir déi pedagogesch an administrativ Leedung vun de Schoulen an der Regioun responsabel. Den Direkter vertrëtt de Minister géigeniwwer vun de Schoulcommunautéiten an der Regioun an ënnerstëtzt den Dialog, sou wéi d'Récksprooch tëschent de Schoulpartner.
Direkter: Här Joa BAUM
Direkter Adjoint: Här Thomas MICHELS
Direkter Adjoint: Här Christophe BISDORFF
Direction de l'enseignement fondamental - région 10:
17, rue de Flaxweiler
L-6776 Grevenmacher
T.: 24 75 59 - 40
E.: secretariat.grevenmacher@men.lu
D'Schoulkommissioun ass wéi follgend opgestallt:
- Fréd TERNES (President)
- Joa BAUM (regionale President)
- Mike SCHMIT (Schulpresident)
- Carole KRECKÉ (Schoulkommitee)
- Elisabeth BREGER (Chargée de Direction Maison Relais)
- Tania NICOLAY (Chargée de DirectionMaison Relais)
- Margarethe SCHIESER (Rep. vum Comité des parents d'élèves)
- Vanessa VAN DER SCHILDEN-MEYER (Rep. vum Comité des parents d'élèves)
- Marie-Paule TRIERWEILER (Assistante sociale)
- Michèle Lentz (Sekretärin)
- Myriam BÜCK (Member)
- Tun GEYER (Member)
- Michel THEISEN (Member)
- Déborah STORN (Member)
D'Missioune vun der Schoulkommissioun:
- d'Virschléi betreffend d'Schoulorganisatioun an de Plan de réussite scolaire coordonéieren an en Avis un de Gemengerot ofginn;
- d'Ëmsetzung vun der Schoulorganisatioun an dem Plan de réussite scolaire iwwerwaachen;
- Mesurë fir ausserschoulech Betreiung fërderen;
- eng Stellungnam zu de Berichter vum SCRIPT ofginn an de Buergermeeschter an de Schäfferot iwwert dat informéieren, dat si fir wichteg befannen;
- eng Stellungnam zu de Budgetsvirschléi vun der Schoul ofginn;
- un der Gestaltung (Bau, Ëmbau) vum Schoulgebai matwierken.
Kontakt:
Michèle LENTZ (Sekretärin)
T.: 34 84 73 - 600 (vun 8h00 bis 15h00)
E.: secretariat@amsand.lu
D'Elterevertrieder goufen an der Eltereversammlung vum 27. Oktober 2022 fir eng Amtszäit vun dräi Joer gewielt.
D'Elterevertriedung ass ewéi follgend opgestallt:
- Sandra ALVES ROUSSADO
- Romy BRESER-HELLENBRAND
- Ines JACOBS
- Nadia KOHL-LEESCH
- Dragana MENDES-BOZIC
- Vanessa MEYER (Präsidentin)
- Corinne NÄHREN
- Margarethe SCHIESER (Sekretärin)
- Laura Katalin STEINMETZ
- Christophe VERNEREY
D'Missioune vun der Elterevertriedung:
- iwwert dee vum Schoulkommitee opgestallte Virschlag fir d'Schoulorganisatioun an de Plan de réussite scolaire ze diskutéieren an eventuell ze verbesseren oder ze ergänzen;
- d'Organisatioun vu Reuniounen a Manifestatiounen zesumme mat de Schoulpartner;
- Virschléi zu all de Froen an Zesummenhang mat der Organisatioun vum Schoulliewen ausschaffen.
Kontakt:
- Vanessa MEYER (Präsidentin): va.meyer@yahoo.de
- Margarethe SCHIESER (Sekretärin): ape.niederanven@gmail.com
Dat pedagogescht Team besteet aus all dem Léierpersonal vun engem Cycle. Si treffe sech 1 mol d'Woch.
D'Aufgabe vum pedagogeschen Teams:
- Organisatioun vum Léieren an dem Differenzéieren;
- de pedagogeschen Appui organiséieren;
- sech iwwert d'Léiermaterial ofschwätzen;
- Bewertungssituatiounen entwéckelen;
- Leeschtunge bewerten;
- sech mam ESEB ofstëmmen.
D'Coordinateure vun de Cyclen 2023/2024:
- Cycle 1: Madamm GEIB Martine
- Cycle 2: Madamm MATHES Anne
- Cycle 3: Madamm KRECKÉ Carole
- Cycle 4: Här GILBERTZ Claude
D'Aufgabe vun de Coordinateure vun de Cyclen:
- d'Reunioune vum pedagogeschen Team aberuffen;
- den Ordre du jour opstellen, d'Reuniounen leeden an déi ugeholl Decisiounen documentéieren;
- Koordinatiounsaufgabe assuréieren;
- d'Team vun engem Cycle vertriede virum
- Schoulkommitee;
- den Elteren;
- dem ESEB;
- dem Personal, dat fir déi sozialpedagogesch Betreiung zoustänneg ass.
- Den Här SCHMIT Claude ass de Verwalter fir déi pedagogesch Notzung vun neien Technologien
- D'Madamm STOOS Carole ass Joffer mat Spezialiséierung op Schüler mat besonneschen oder spezifesche Bildungsbesoinen
- D'Madamm DAMGÉ Jackie assuréiert den Accueil vu Kanner, déi nei an d'Land komm sinn
v.l.n.r.: David STRONCK (Concierge adjoint), Michèle LENTZ (Sekretärin), Steve MANGEN (Concierge)
Schoulvakanzen
D'Schoulvakanzen an d'Feierdeeg fir d'Schouljoren 2023/2024, 2024/2025 an 2025/2026 si wéi follgend festgeluecht:
D'Schouljoer fängt de Freiden, 15. September 2023 un an hält de Méinden, 15. Juli 2024 op:
- D’Allerhellegevakanz fänkt de Samschden, 28. Oktober 2023 und an dauert bis de Sonnden, 5. November 2023
- Kleeserchersdag: Mëttwoch, 6. Dezember 2023 (nëmmen d'Grondschoulklassen hunn op dësem Dag fräi)
- D’Chrëschtvakanz fänkt de Samschden, 23. Dezember 2023 un an dauert bis de Sonnden, 7. Januar 2024
- D’Fuesvakanz fänkt de Samschden, 10. Februar 2024 un an dauert bis de Sonnden, 18. Februar 2024
- D’Ouschtervakanz fänkt de Samschden, 30. Mäerz 2024 un an dauert bis de Sonnden 14. Abrëll 2024
- Schoulfräien Dag um Dag vun der Aarbecht: Mëttwoch, den 1. Mee 2024
- Schoulfräien Dag um Europadag / Christi Himmelfaart: Donneschden, den 9. Mee 2024
- Schoulfräien Dag op Päischtméinden: Méinden, den 20. Mee 2024
- D’Päischtvakanz fänkt de Samschden, 25. Mee 2024 un an dauert bis de Sonnden, 2. Juni 2024
- D’Summervakanz fänkt den Dënschden, 16. Juli 2024 un an dauert bis de Sonnden, 15. September 2024.
D'Schouljoer fängt de Méinden, 15. September 2024 un an hält den Dënschden, 15. Juli 2025 op:
- D’Allerhellegevakanz fänkt de Samschden, 26. Oktober 2024 und an dauert bis de Sonnden, 3. November 2024
- Kleeserchersdag: 6. Dezember 2023 (nëmmen d'Grondschoulklassen hunn op dësem Dag fräi)
- D’Chrëschtvakanz fänkt de Samschden, 21. Dezember 2024 un an dauert bis de Sonnden, 5. Januar 2025
- D’Fuesvakanz fänkt de Samschden, 15. Februar 2025 un an dauert bis de Sonnden, 23. Februar 2025
- D’Ouschtervakanz fänkt de Samschden, 5. Abrëll 2025 un an dauert bis de Sonnden 20. Abrëll 2025
- Schoulfräien Dag um Dag vun der Aarbecht: Donneschden, den 1. Mee 2025
- Schoulfräien Dag um Europadag / Christi Himmelfaart: Freiden, den 9. Mee 2025
- D’Päischtvakanz fänkt de Samschden, 24. Mee 2025 un an dauert bis de Sonnden, 1. Juni 2025
- Schoulfräien Dag op Päischtméinden: Méinden, den 9. Juni 2025
- Schoulfräien Dag fir d'Ëffentlech Feier vum Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc: Méinden, 23. Juni 2025
- D’Summervakanz fänkt de Mëttwoch, 16. Juli 2025 un an dauert bis de Sonnden, 14. September 2025.
D'Schouljoer fängt de Méinden, 15. September 2025 un an hält de Mëttwoch, 15. Juli 2026 op:
- D’Allerhellegevakanz fänkt de Samschden, 1. November 2025 und an dauert bis de Sonnden, 9. November 2025
- Kleeserchersdag: 6. Dezember 2024 (nëmmen d'Grondschoulklassen hunn op dësem Dag fräi)
- D’Chrëschtvakanz fänkt de Samschden, 20. Dezember 2025 un an dauert bis de Sonnden, 4. Januar 2026
- D’Fuesvakanz fänkt de Samschden, 14. Februar 2026 un an dauert bis de Sonnden, 22. Februar 2026
- D’Ouschtervakanz fänkt de Samschden, 28. Mäerz 2026 un an dauert bis de Sonnden 12. Abrëll 2026
- Schoulfräien Dag um Dag vun der Aarbecht: Freiden, den 1. Mee 2025
- Europadag: Samschden, den 9. Mee 2025
- Schoulfräien Dag op Christi Himmelfahrt: Donneschden, de 14. Mee 2026
- D’Päischtvakanz fänkt de Samschden, 23. Mee 2026 un an dauert bis de Sonnden, 31. Mee 2026
- Schoulfräien Dag fir d'Ëffentlech Feier vum Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc: Dënschden, 23. Juni 2026
- D’Summervakanz fänkt den Donneschden, 16. Juli 2026 un an dauert bis de Méinden, 14. September 2026.