Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
30.07.24_Studentenaarbechten-Urbanisme
Jobs

Studentenaarbechten 2025

De Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen bitt Studentenaarbechten an der Summervakanz un. D'Demande kënne vum Méinden, 14. Abrëll, bis Freiden, 25. Abrëll 2025, iwwert eisen Online-Formulaire (online ab dem 14. Abrëll 2025) gemaach ginn. Verëffentlecht den 2025-04-12
Opruff-Gaaschtfamilljen
Douzelage

Gaaschtfamillje gesicht

Am Kader vum Douzelage komme vum 7. bis 9. Juni 2025 jonk an erwuesse Musikerinnen a Musiker op Nidderaanwen, fir den 8. Juni zesummen e flotte Concert mat der Jugendfanfare ze spillen, déi selwer vum 8. bis 10. Mee 2025 op Granville ginn. An dësem Sënn si mir zesumme mam Douzelage Team op der Sich no Gaaschtfamilljen, déi wärend dëser Zäit zwee oder méi Musiker ophuele kéinten. Méi Informatioune fannt Dir hei drënner am Dokument! Verëffentlecht den 2025-04-11