Konscht & Kultur

Hueschterter Kiermes

Verëffentlecht den 25 April 2025
Hueschterter-Kiermes25

D'Hueschterter Kiermes fënnt vum 16. bis 18. Mee statt! Sidd mat dobäi fir e Weekend gefëllt mat Spill, Spaass a gudder Stëmmung fir Kleng a Grouss!

Programm:

Freiden, 16. Mee (17.00 bis 22.00 Auer)

  • 17.00 Auer: Offiziell Erëffnung vun der Hueschterter Kiermes
  • 17.30 Auer: Vernissage vun der Ausstellung ,,Nidderaanwen bedeit fir mech...'' am Parc de l'Europe
  • 19.00 Auer: Concert vun der Band IMAGENCY aus der Douzelage Partnerstad Judenburg (AT)

Samschden, 17. Mee (12.00 bis 01.00 Auer) -  Familljendag mat reduzéierte Präisser op de Spiller

  • 15.00 Auer: Filmnomëtteg am Centre polyvalent ,,A Schommesch'' organiséiert vun Niedz4Kidz mam Film ,, Das magische Haus"
  • 18.30 Auer: DJ Double J
  • 21.00 Auer: Public viewing vum Eurovision Song Contest

Sonnden, 18. Mee (12.00 bis 20.00 Auer)

  • 12.00 Auer: Concert vum ,,De Spillmann''
  • 14.30 Auer: Konferenz mat der Mme Véronique Faber vun C2DH (Uni Lëtzebuerg): ,,De groussen Alex Weyer: E Lëtzebuerger Zauberkënschtler''
  • 15.30 Auer: Zaubershow vum Magica Club Lëtzebuerg mat 4 Zauberer: LUKE, Magic William, Egide (Satai) an Animatrix