Ëmwelt

Equisolidaire - Verkaf vu Produite vun de Jardins du Loup

Verëffentlecht den 23 July 2024
ôpen-equisolidaire

Equisolidaire asbl invitéiert Iech hiert Geméis kafen ze kommen, dat ouni chemesch Zousätz an hire Gäert zu Ouljen a Jonglënster ugebaut gëtt. 

Rendez-vous op der Terrasse vun Ôpen all Freideg vu 15h00 bis 19h00!

Equisolidaire asbl huet eng Konventioun mat de Gemenge Jonglënster, Betzder an Nidderaanwen, sou wéi mam ONIS, an hëlleft REVIS-Empfänger.Innen eng Aarbecht ze fannen. D'Ôpen-maison-citoyenne freet sech, Iech bei dësem klenge Maart kennenzeleieren!

www.equisolidaire.lu www.openlenster.lu