Gemengeliewen

Déi verschidde Méiglechkeeten Är Verstuerwe bäizesetzen

Verëffentlecht den 07 November 2024
DSC_0207-01

Viru Kuerzem hu mir op Allerhellegen un eis verstuerwe Léifste geduecht. Wosst Dir, dass Dir an eiser Gemeng niewent der Anäscherung zu Hamm an engem Begriefnis op de Kierfechter zu Iernster, Hueschtert a Senneng, och nach aner Méiglechkeeten hutt, Äre Verstuerwene bäizesetzen?

Sou kann de Buergermeeschter op Wonsch vum Verstuerwenen och d'Verstreeë vun den Äschen op enger Parzell um Grondstéck vun der Privatpersoun accordéieren, respektiv eng zivil Zeremonie fir d'Gedenken un de Verstuerwenen halen. Dës Weidere kënnen d'Awunner vun der Gemeng säit 2018 och um Bëschkierfecht zu Rued/Sir bäigesat ginn.

Am Fall vun engem kierchleche Begriefnis, hutt Dir d'Méiglechkeet Kontakt mat der Par Iewescht Syr Saint-Esprit.

Vous trouverez plus d'informations dans notre E-Guichet.

Copyright: Alberto Caffo