Gemengeliewen

Nei méisproocheg cityapp Niederanven!

Verëffentlecht den 21 May 2024
Foto-Header-cityappNiederanven

Endlech ass et esou wäit! Mat grousser Freed annoncéiere mir d'Méisproochegkeet vun eiser cityapp Niederanven.

Als éischt cityapp vun Hotcity kënnt Dir elo tëschent deene véier Sprooche Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch auswielen, fir Är Neiegkeeten a Push-Noriichten ugewisen ze kréien.

Wann Ären Handy Är Apps net automatesch aktualiséiert, da maacht elo en Update vun der cityapp a klickt Iech duerch déi nei Versioun - mir wënsche vill Spaass!

Lued Iech elo d'cityapp am App Store oder Google Play erof!