Gemengeliewen
Bréngt eis Är Äppel!
Verëffentlecht den 26 September 2024
Wärend eisem Hierschtmaart, de 7. Oktober, wäert d'Maarkollef asbl mat hirer Äppelpress Viz pressen! Dir hutt nach vill Äppel ze vill a wësst net, wéi Dir se weiderverwende kënnt? Da bréngt se mat Ärem Bidon laanscht op de Maart a loosst Iech sur Place Viz maachen!
- Wann Dir Är Äppel op de Maart brénge wëllt, da schreift eis wgl. am Virfeld e Mail via maart@niederanven.lu
- Denkt wgl. och drun e Canister oder Fläsche fir Äre Viz matzebréngen
- Dir hutt de Choix fir Äre Viz matheem ze huelen oder en um Maart stoen ze loossen. De Viz gëtt dann un d'Visiteure vu Maart verdeelt.
Nach Froen?
Schreift eis e Mail via maart@niederanven.lu !