Sport
Nidderaanwen lieft Sport
Verëffentlecht den 27 February 2025
Am Kader vum Rahmenkonzept “Lëtzebuerg lieft Sport” a vum Koalitiounsofkommes 2023-2028, wat d’Fërderung vun enger gesonder, aktiver an inklusiver Gesellschaft duerch d’Entwécklung vu kierperlecher Aktivitéit a Sport virgesäit, huet e.a. d’Gemeng Nidderaanwen de 27. Februar déi nei Konventioun a Charta mam Sportsministère ënnerschriwwen.
Am Stade de Luxembourg an a Präsenz vum Sportminister Georges Mischo, vum Buergermeeschter Fréd Ternes an dem 2. Schäffen a Sportschäffen, Jacques Bauer, wéi och vum Sportkoordinator Christophe Junker sinn d’Konventioun an d’Charta ënnerschriwwe ginn.