Gemengeliewen

Seniorentreffen 2025

Verëffentlecht den 09 April 2025
Seniorentreffen

De Schäfferot, an Zesummenaarbecht mat der Ekipp Nieds4Seniors, huet d’Éier, d’Pensionnair(inn)en, zesummen mat hirem/hierer Liewespartner(in), op de Seniorentreffen 2025 anzelueden, dëst de Mëttwoch, 30. Abrëll 2025, u Bord vun der M.S. „Princesse Marie-Astrid’’.

Depart mam Bus vun 10:40 un
11:30 – 17:00: Croisière op der Musel mat Mëttegiessen
15:00: Éierung vun den 80-järegen Senior(inn)en
17:00: Retour mam Bus vu Grevenmacher aus

Umeldunge bis den 18. Abrëll 2025 iwwert den 34 11 34-1 oder via events@niederanven.lu. Gitt wgl. Äert Transportmëttel un.

Dokumenter fir Erofzelueden