Jobs

Zwou nei Mataarbechterinne fir eist Sekretariat

Verëffentlecht den 07 June 2024
07.06.24_Tamara-Michelle

Dës Woch krut eist Sekretariat direkt duebel Verstäerkung!

Michelle-Bingen

Well an eiser Gemeng ëmmer eng lass ass, sief et Concerten, Fester, Versammlungen oder och Ausstellungen, ass säit dëser Woch d'Michelle Bingen als nei Coordinatrice culturelle fir dëse Beräich responsabel a wäert sech doriwwer eraus och ëm de Volet vum Zesummeliewen an der Gemeng këmmeren.

Tamara-Schuster

Mat den organisatoreschen a redaktionnelle Fäegkeete vum Tamara Schuster, gëtt eist Sekretariat weider verstäerkt an ausgebaut.