Sport
2024-06-28 22:00:00+00:00

Critérium européen des jeunes & Grand Prix Général Patton

29.06.2024

Critérium & GP Général Patton
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Mëttwoch den 29 June 2024 vun 11:00 - 18:00
Plaz:
Charly's Gare Hostert
- 1, Rue de la Gare L-6985 Hostert

Sidd mat dobäi, wa mir de Samschden, 29. Juni um Territoire vun der Gemeng Nidderaanwen zwou vun deene prestigiéiste Vëloscoursse vun de jonke Cyclisten an Europa empfänken.

Programm:

    1) Critérium européen des jeunes

  • Start um 11h15 zu Ueweraanwen
  • viraussiichtlech Arrivée um 13h00 zu Hueschtert

    2) Grand-Prix Général Patton

  • Start um 14h15 zu Ueweraanwen
  • viraussiichtlech Arrivée um 17h00 zu Hueschtert

Déi 2 Strecke fannt Dir am Detail um Géoportail: http://g-o.lu/3/werM

Freet Iech op en Dag gefëllt mat Vëlosport a gudder Stëmmung. Mat Iessen a Gedrénks versuergen Iech eis lokal Veräiner ab 10h15 zu Hueschtert beim Atelier vun der Voirie:

  • BBC Gréngewald Hueschtert & Concordia-The Voices Niederanven : Buvette
  • E-MTB Gréngewald : Barbecue
  • Guiden a Scouten Nidderaanwen : Fritten, Crêpes & Frozen Yoghurt

Wärend dem ganzen Dag biede mir Iech, d'Stroossebeschëlderung, souwéi d'Instruktioune vun der Police, eisen Agent-municipallen an de Benevollen ze beuechten. Weider Informatiounen iwwert d'Verkéiersperturbatiounen an d'Deviatioune vun de Buslinne fannt Dir hei drënner.

Téléchargements