Gemengeliewen
2024-10-23 22:00:00+00:00

Atelier citoyen

24.10.2024

atelier_citoyen_1920x1080
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Donneschdeg den 24 Oktober 2024 vun 18:30 - 20:30
Plaz:
Centre polyvalent A Schommesch
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven

Mir invitéieren Iech häerzlech op déi nächst Etapp vum "GEMENGEPAKT". Eng Ëmfro, déi am September ënnert allen Aarbechter an Awunner vun der Gemeng Nidderaanwen duerchgefouert gouf, huet eis erméiglecht, eng Bestandsopnam ze maachen. Elo ass et un der Zäit, op partizipativ a kreativ Manéier kloer Ziler ze entwéckelen a konkret Aktiounen auszeschaffen, fir d'Zesummeliewen an eiser Gemeng ze fërderen.

Dofir sidd Dir häerzlech agelueden, un eisem Atelier deelzehuelen, mam Thema:

 

,,Dat soziaalt Engagement an der Gemeng fërderen''
Donneschdes, de 24. Oktober 2024 vun 18h30 bis 20h30
am Centre polyvalent ,,A Schommesch''
18, rue d’Ernster, L-6977 Oberanven

Mir wäre frou, wann Dir dës Invitatioun a Betruecht géingt zéien a se och un aner interesséiert Persounen deele géingt.

D’Zil vun dësem themateschen Atelier ass haaptsächlech den Austausch vun erlieften Erfarungen, Iddien a Meenungen, fir konkret Aktiounen ze identifizéieren, déi zu engem besseren Zesummeliewe bäidroe kënnen.

Eng Agape gëtt vun der Gemeng offréiert.


Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 20. Oktober 2024 par E-Mail u via zesummeliewen@niederanven.lu.