Fotoen

Nuit du Sport 2024

Verëffentlecht den 10.06.2024

De Samschden, 8. Juni, stoung de Sport bei eis an der Gemeng am Fokus. Am ganze 544 Persounen, dorënner 369 Kanner an 175 Erwuessener, hunn de Wee op d'Nuit du Sport zu Nidderaanwen fonnt, fir sech an engem flotte Kader ze amuséieren an all méiglech Sportaarten auszeprobéieren. E grousse Merci u jiddereen, deen un dësem flotten Event mat bedeelegt war, un eis Invitéeë vun der FLF Dammenekipp an dem Viki Gómez fir hire Besuch, sou wéi un eis Veräiner, Benevoller an d'Ekipp vum Loisi fir hiren Asaz.

© Commune de Niederanven & Fotoclub Gemeng Nidderaanwen