Fotoen

Éierung vun de Gewënner vun der Seniorenolympiad

Verëffentlecht den 13.06.2024

De leschte Samschden hat de Schäfferot déi grouss Freed, deene 6 Sportler.innen aus dem CIPA Gréngewald, déi bei der Seniorenolympiad an den Altersheemer Bieles, Beetebuerg, Nidderaanwen a Waasserbëlleg déi éischt Plaz gemaach hunn, mat enger Medail auszezeechnen.