Fotoen

Zesummenaarbecht tëschent dem Pompjeesmusée Hermeskeil an dem Pompjees Schapp Senneng besigelt

Verëffentlecht den 09.09.2024

Am Kader vun der Feier vum 10. Gebuertsdag vum Rheinland-Pfälzesche Pompjeesmusée Hermeskeil, gouf de leschte Samschden d'Zesummenaarbecht mat eisem Pompjees Schapp Senneng besigelt. Den 21. September ass et dann un eis a mir lueden eis Frënn vun Hermeskeil an, fir dës flott Zesummenaarbecht och zu Nidderaanwen ze feieren.