Fotoen

Besuch vun der aler Kierch zu Iernster

Verëffentlecht den 07.10.2024

Wärend senger Visitt zu Nidderaanwen, si mir op Wonsch vum Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, dem Max Hahn, déi al Kierch zu Iernster besiche gaangen. Hei féiert d'Ekipp vun der Sozialhëllef Iewescht Syr no der Desakraliséierung vun der Kierch hire Projet vun enger Sammelstell fir Refugiéeën a sozial schwaach Famillje mat vill Méi an Engagement weider.