Fotoen

Sunday Brunch fir eis nei Awunner a Lëtzebuerger

Verëffentlecht den 09.10.2024

Iwwer 200 nei Awunner an nei Lëtzebuerger sinn der Invitatioun nokomm a goufen de Sonndeg, 6. Oktober am Centre de Loisirs ,,Am Sand'' empfaangen a wëllkomm geheescht. Hei konnten si sech bei sëllege Stänn iwwert d’Servicer an d’Associatiounen an der Gemeng informéieren a sech bei engem flotte Brunch, offréiert vun der Gemeng, mat de Kommissiounen, dem Gemengepersonal, dem Schäffen- a Gemengerot austauschen.