Fotoen

Atelier citoyen

Verëffentlecht den 28.10.2024

Am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen huet en Donneschdeg, de 24. Oktober, e Biergerworkshop zum Thema ,,Fërderung vum sozialen Engagement an der Gemeng" stattfonnt. Ageleet gouf dësen interessanten Owend mat enger kuerzer Presentatioun vun de Resultater vun enger am Virfeld vum Atelier duerchgefouerter Ëmfro zum Engagement an der Gemeng. Duerno hat jiddereen d'Méiglechkeet seng Erfarungen a Meenunge wärend enger Diskussiounsronn am klenge Grupp mat anzebréngen. Dobäi goufen ë.a. Theme wéi d'Verständnis vu sozialer Participatioun an d'Grondlage vu sozialem Engagement beschwat. 

Zil vum Workshop war et, zesumme mat de Bierger zwee méiglech Projeten auszesichen, déi am Laf vum kommende Joer realiséiert kenne ginn.