Fotoen

Beem fir déi Neigebueren aus der Gemeng Nidderaanwen

Verëffentlecht den 26.11.2024

24 Kanner aus der Gemeng, déi 2023 op d’Welt komm sinn, kruten den 23. November 2024 12 Beem gesat. Et woeren dat Quetschen-, Mirabellen- Prommebeem. Bei dëse Beem handelt et sech ëm al, regional Zorten, déi beschtens un déi lokal Gegebenheeten ugepasst sinn. Geplanzt ass ginn op engem potentiell ganz wäertvollen Terrain, no beim Naturschutzgebitt ,,Aarnescht''.

No der Planzaktioun konnte sech Grouss a Kleng mat Gegrilltem, Kuch an Taart stäerken.

De Fierschter a seng Ekipp woere fir de Catering zoustänneg an hunn all Kand als Erënnerung un dësen Dag e Schneidbriedchen aus einheimeschen Holz mat dem agravéierten Numm vum Kand geschenkt.

Dës Aktioun gouf zesumme vum Naturteam vun der Gemeng, dem SIAS an der ANF organiséiert.