Fotoen

Forum fir d'Zesummeliewen an eise Gemengen

Verëffentlecht den 29.11.2024

De Mëttwoch, 27. November koumen “A Schommesch” ronn 200 Acteuren aus dem Beräich vum interkulturellen Zesummeliewen, dorënner Politiker, Gemengevertrieder, Mataarbechter vun de Gemengen a Memberen aus de Kommissioune vum interkulturellen Zesummeliewen (CCVEI) fir déi 13. Editioun vum Forum fir d’Zesummeliewen an eise Gemengen (eemolege GRESIL) beieneen. Ënnert dem Motto “Mir sinn all Experte vum Zesummeliewen” gouf sech iwwert d’Aarbecht an de Fonctionnement vun der CCVEI, souwéi iwwer Usätz fir eng efficace Zesummenaarbecht vun de Kommissioune mat de politesche Responsabelen ausgetosch