Fotoen
Testfaart mam Tram um Héienhaff
Verëffentlecht den 10.12.2024Den Dënschden, 10. Dezember 2024, goung et fir de Schäfferot, a Presenz vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, op eng Testfaart mam Tram. Mat Schrëtt-Geschwindegkeet ass d'Stréck tëschent dem P&R Héienhaff an dem Findel Luxembourg-Airport ofgefuer ginn - zwee nei Arrêten déi ab Mäerz 2025 um Territoire vun der Gemeng Nidderaanwen operationell wäerte sinn.