Pressëcommuniqué

Konventioun tëscht der Gemeng Nidderaanwen an dem ZLS

Verëffentlecht den 03.04.2025

De Méinden, 31. Mäerz 2025, hu mir a Presenz vum Kulturminister, Eric Thill, dem Direkter vum Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Alexandre Ecker, dem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Pierre Reding, an dem Vertrieder vum Syvicol, Jacques Bauer, als éischt Gemeng am Land mam ZLS eng Konventioun ënnerschriwwen, fir d'Visibilitéit an de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an de Gemengen ze stäerken. Wat genau hannert dem Pilotprojet stécht, kënnt Dir Iech am Pressëcommuniqué vum Kulturministère duerchliesen.