Fotoen

Tour ronderëm d'Drénkwaasser

Verëffentlecht den 15.10.2024

De Samschden, 12. Oktober, huet d'NaturTeam vun der Gemeng Nidderaanwen en Tour ronderëm d'Drénkwaasser organiséiert, fir den Awunnerinnen an Awunner d'Wichtegkeet vun dëser Ressource ze verdäitlechen.

Den Tour huet als éischt bei d'Quellen zu Hueschtert gefouert, déi Bestanddeel vum Drénkwaasser vun der Gemeng sinn, a wou d'Participante verschidde Waasserzorten teste konnten, bis et bei de Waassertuerm um Sennengerbierg gaanen ass, wou si du vun enger spektakulärer Vue profitéiere konnten, dëst awer eréicht nodeems et déi sëlleg Trapen eropgaangen ass.

Duerno ass et weider op Uewersyren bei d'Kläranlag vum SIDEST gaangen, wou speziell den neien Deel vun der Anlag ervirgehuewe gouf, deen d'Ofwaasser vum Flughafendeel separat opfänke soll.

Zum Schluss huet d'Flusspartnerschaft Syr eng Applikatioun getest, déi d'Rengheet vun de Gemengebache bestëmme kann, ier d'NaturTeam dunn op en anti-gaspi Mëttegiesse gaangen ass.

Passend zum Thema Waasser huet d'Schrëftstellerin Martine Konijnenberg de jénkste Participanten aus hirem Buch ,,Waasser kënnt dach aus dem Krunn oder net'' virgelies.

Copyright: Uli Fielitz & Christian Kaempff