Fotoen

Chantier nature mat J.P. Morgan

Verëffentlecht den 11.12.2024

Réckbléck op den 21. November, wou eise Fierschter Pit Lacour op Nofro vu J.P. Morgan mat engem interesséierte Grupp un Employé(e)ën e puer Aktiounen am Groussebësch zu Nidderaanwen realiséiert huet. Si hu mat der Installatioun vu Gatteren ugefaangen, déi zum Schutz viru Réi opgebaut gi sinn. An dëse Gattere sinn Eechele verdeelt ginn, fir ze keimen a fir dass soumat an Zukunft en neie Bam op dëser Plaz wuesse kann. Dës Plaze si vum Fierschter wuel iwwerluecht erausgesicht ginn. Et handelt sech heibäi nämlech ëm Fläschen am Bësch, wou aktuell entweder keng Beem oder haaptsächlech al Beem stinn. Soumat entstinn op dëse Plaze Beem a verschiddenen Altersgruppen, wat zu enger Kontinuitéit am Bësch féiert. Op engem zweete Standuert um Bord vum Bësch hunn d'Halschent vun de Participante gewise kritt, wéi een de Buedem propper opkappt an hei kleng Beem planzt. Niewebäi huet déi aner Halschent een Zonk operiicht, fir och hei d'Planzen ze protegéieren.

Tëschent den Aarbechten huet de Fierschter mat senger Ekipp dem Grupp vun J.P. Morgan verschidden Informatiounen iwwert de Bësch an hir Aarbechten erkläert. Soumat konnten si net nëmmen eng Hand bei der Aarbescht am Bësch mat upaken, mee och vill interessant Informatiounen iwwert de Bësch léieren. 

Dës interessant Naturaktivitéit gouf mat engem gudde Patt ofgeschloss.

Dir sidd e Betrib an der Gemeng Nidderaanwen a wëllt iech och fir d'Ëmwelt um Territoire vun der Gemeng asetzen? Da kontaktéiert eis a loosst eis zesummen är perséinlech Ëmweltaktioun mat ärer Ekipp organiséieren !

E.: secretariat@niederanven.lu